arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Musel-Waasser war och am Héichsummer kal genuch fir Cattenom ze killen

Ëmwelt an Energie

|
headphones

1 min

D'Musel-Waasser war och am Héichsummer kal genuch fir Cattenom ze killen

D‘Hëtzt am Summer hätt och op hirem Héichpunkt d‘Musel net esouwäit erhëtzt, datt et een Impakt op de Fonctionnement vun der Atomzentral vu Cattenom gehat hätt. Dat geet aus der Äntwert vum Ëmweltminister Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro zum Theema vun der LSAP ervir.

headphones

1 min

© EPA/JULIEN WARNAND
(Foto: EPA/JULIEN WARNAND)

Et wier kee Reakter wéinst der Hëtzt vum Netz geholl ginn, allerdéngs wieren der wéinst Maintenanceaarbechten och just zwee operationell gewiescht, esou nach de Minister.

D‘Musel hätt Ufank Juli ee Peak vun 28 Grad erreecht. Méi waarm dierft d‘Waasser net ginn, fir datt et ka genotzt gi fir d‘Atomreakter ofzekillen. Dat géif an de Konditioune fir d‘Atomzentral ze bedreiwe stoen.

Wéinst dem Klimawandel wier eng Hausse vun der Temperatur vun der Musel – och iwwer 28 Grad eraus - zwar net auszeschléissen, mee méi héich Temperature wiere fir eng limitéiert Zäit bei der Planung vun der Atomzentral mat agerechent ginn, esou nach de Serge Wilmes.