arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héchst Warnung wéinst Bëschbränn

Frankräich

|
headphones

1 min

Héchst Warnung wéinst Bëschbränn

An den dräi Departementer Aude, Bouches-du-Rhône a Var gëllt haut um Méindeg déi héchst Warnstuf. Iwwer 1.000 Hektar Bësch a Vegetatioun sinn iwwer de Weekend scho virun allem am Süde vu Frankräich verbrannt.

headphones

1 min

© Ross Stone / Unsplash
(Foto: Ross Stone / Unsplash)

Météo-France seet, datt Biedem a Vegetatioun wéinst dem Klimawandel plazeweis staark ausgedréchent sinn. Dat no engem dréchene Mount Juni an der Canicule vun der leschter Woch.