arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbrand a Südfrankräich ënner Kontroll

Frankräich

|
headphones

1 min

Bëschbrand a Südfrankräich ënner Kontroll

A Frankräich konnt de grousse Bëschbrand am Departement Aude fixéiert ginn an ass also ënner Kontroll.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Marc Asensio
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Marc Asensio)

An de leschten 2 Deeg sinn tëschent Narbonne a Carcassone beim gréisste Brand zënter Joerzéngten awer 16.000 Hektar verbrannt. Eng Persoun koum ëm d'Liewen, 18 Leit goufe blesséiert, an der Majoritéit waren et Pompjeeën. Et bleiwen 2.000 Pompjeeën an 200 Polizisten, mat 6 Läschfligeren an dräi Helikopteren am Asaz. Si kämpfe weider fir d'Feier ze läschen.

Am Süde vu Frankräich gëtt fir de Weekend eng weider Hëtztwell virausgesot, dat mat Temperature kloer iwwer 35 Grad. Meteo France huet fir 11 Departementer eng Vigilance orange Canicule ausgeruff.