Am aktuellen Text, dee vun der brasilianescher Presidentschaft vun der COP proposéiert ginn ass, kënnt d’Wuert fossill Energien guer net vir.
Dobäi haten 30 Staate Mëtt vun der Woch an engem Bréif un d’Presidentschaft ugekënnegt, just en Accord matzedroen, wann eben dora festgehale wier, datt all Membere vun de Vereenten Natiounen de fossillen Energien de Réck dréine wäerten.
Ee progressiivt Erausklammen aus de fossillen Energië war eigentlech ee vun den Haaptpunkte vun dëser Weltklimakonferenz.
De brasilianesche President Lula Da Silva hat sech uganks dofir staark gemaach, ass elo awer zeréckgeruddert.
Pëtrolsproduzente géint Erausklammen aus fossiller Energie
Amplaz vun engem allgemeng Konsens, kéinte Länner jee no hire Capacitéiten, eng gréng Transitioun ustriewen, esou de Kompromessvirschlag, deen de brasilianesche President um Mëttwoch gemaach hat.
D’Industriestaate China, Indien a Russland, ma och déi grouss Pëtrolsproduzente Saudi-Arabien an Nigeria stelle sech géint een Accord, deen een Erausklammen aus de fossillen Energien als Zil géif festleeën.
Ënnert de ronn 30 Länner déi fir esou een Text sinn, sinn ënnert anerem Kolumbien, Däitschland, Frankräich, d’Belsch.
D'Fro vun der Finanzéierung vun der "grénger Transitioun"
Um Wee fir bei ee Schlussaccord hänkt et awer och un der Finanzéierung vun der "grénger Transitioun".
Den UN-Generalsekretär Guterres stellt sech hannert d’Fuerderung vun den Entwécklungslänner, d’Finanzhëllefe fir d’Upassungen un de mënschgemaachte Klimawandel bis 2030 ze verdräifachen.
Wann et um Freideg net zu engem Accord kënnt, da kann eng Verlängerung vun der COP ugefrot ginn, esou wéi et och déi lescht Jore schonn de Fall war.