arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimaerwierung: Koralleriffer erreeche Kipp-Punkt

Klima an Ëmwelt

|
headphones

1 min

Klimaerwierung: Koralleriffer erreeche Kipp-Punkt

Op der Äerd fänken Ekosystemer un ze kippe wéinst der Klimaerwiermung. Bei de Koralleriffer wier een éischte Kipp-Punkt esou gutt ewéi sécher iwwerschratt ginn, esou eng nei Etude vun 160 Klimafuerscher:inne vun der Uni vun Exeter a Groussbritannien.

headphones

1 min

© EPA/ANDRE COELHO
(Foto: EPA/ANDRE COELHO)

Bei der aktueller Äerderwiermung vun 1,4 Grad wier dat massiivt Ausstierwe vun den tropesche Koralleriffer quasi irreversibel, heescht et am sougenannte "Global Tipping Points" Rapport. Et wier 99 Prozent sécher, datt d‘Waarmwasser-Koralleriffer net méi kënne gerett ginn. Dat hätt katastrophal Konsequenze fir honnerte Millioune Mënschen an enger Millioun Mieresdéierenaarten.

No un engem Kipp-Punkt wieren dem Rapport no och den Amazonas Reebësch, wéinst Ofholzung an Dréchenten, an de Golfstroum, wéinst der Erwiermung vum Mier.