Méi a méi séier bauen: Dat ass d’Zil vun de Logements-, Innen- an Ëmweltministeren, déi hir Prioritéite virun der Press virgestallt hunn.
Fir dat kënnen ëmzesetze goufen d’Prozeduren an d’Reglementer ënnert d’Lupp geholl. Am ganze goufen eng 40 Moossnamen als Prioritéit festgeluecht, esou de Logementsminister Claude Meisch.
Gemengen entlaaschten
Ee roude Fuedem an deem Pak ass d’Vereinfachung vun de Prozeduren. Vum nächste Joer u soll zum Beispill dee ganzen Autorisatiounsprozess, vun der Iddi bis zur Realisatioun, iwwert een Onlineportal ofgewéckelt ginn.
Et ginn awer och verschidde Reglementer am Beräich vum subventionéierten oder vum abordabele Wunnraum uniformiséiert. Dat wier fir d’Gemengen dacks schwiereg gewiescht, konkret ëmzesetzen, betount de Logementsminister Claude Meisch.
An Zukunft wéilt een och de Plan sectoriel logement nacheng Kéier opmaachen, fir nei Terraine kënnen ze identifizéieren, déi mam ëffentlechen Transport gutt verbonne sinn.
Weider sollen a verschidden Aktivitéitszonen och Wunnenge kënnen entstoe fir Salariéen zum Beispill.
De Prinzip vum "Silence vaut accord"
Eng grouss Ännerung gëtt et da bei den Autorisatiounsmechanismen: Do kréien d’Gemenge fest Delaie fir op eng Demanden ze äntweren. Et handelt sech ëm de Prinzip "Silence vaut accord“: Dat heescht, wann d’Verwaltung net bannent enger festgeluechter Frist reagéiert, gëtt eng Autorisatioun automatesch ugeholl. Dës Reform geschitt an zwou Phasen.
Eng aner Moossnam fir d’Gemengen ze entlaaschten ass déi vun den Autorisatioune fir Bagatellen, also fir kleng Aarbechten ewéi d’Photovoltaikanlagen, oder och kleng Gaardenhaisercher. Do ginn et an Zukunft nei Demarchen, déi manner schwéierfälleg sinn, oder wou d’Autorisatioun guer net méi néideg ass.
Am Ëmweltberäich gëtt d’Prozedur fir d‘Autorisatioune vu Projeten harmoniséiert, mam Fokus op erneierbar Energien, déi beim Traitement prioritär behandelt ginn.
Bis Enn 2025 sinn zousätzlech Initiative geplangt, dorënner déi digitaliséiert Planung vun Aménagementsprojeten a nei Co-Living-Modeller.
Oppositioun mat Zweifel
D’Oppositioun huet sech no der Chamberskommissioun, an där d’Pläng duergeluecht goufen, ënner anerem dovun enttäuscht gewisen, datt et nach keng konkret Texter zu deene Pläng géife ginn.
Si gesinn och Problemer beim “Silence vaut Accord”. D’Paulette Lenert vun der LSAP beispillsweis ass enttäuscht doriwwer, datt dëse Prinzip just limitéiert gräife wäert.
"De Prinzip, dass wann ech vun enger Verwaltung keng Äntwert kréien no enger gewësser Zäit, dass ech da meng Geneemegung hunn, déi soll sech op Nofro hin elo op just eng Dose Prozeduren applizéieren. Dat sinn der net esou vill."
Och d’ Sam Tanson vun deene Grénge gesäit an där Hisiicht e Problem. Si mécht de Lien mam Personalmangel, deen et op Gemengenniveau gëtt.
"Wann de Silence au refus, wéi en elo an enger éischter Phas wäert sinn, elo kënnt, dann ass et esou, dass awer nach ëmmer déi selwecht Leit do sinn, fir déi selwecht Dossieren ze kucken, kucken ze mussen."
Och wa verschidden Dossiere fortfale géifen, wéisst si net, ob dës Ännerung d'Prozeduren elo wierklech acceleréiere wäert.
Si hofft, datt d'Gemengen och déi néideg Moyene kréien - an och d'Verwaltungen - fir datt déi Dossiere "genau sou seriö" kënne gekuckt ginn, wéi se haut gekuckt ginn.
Den David Wagner vun deene Lénke fuerdert dann och nach méi abordabele Wunnengsraum. Virun allem a klenge Gemengen, déi keng gréisser Gebaier géife bauen, géif et do dann u bezuelbarem Wunnengsraum feelen.
Mat der Reform vum Artikel 29bis ginn nei Reegelen agefouert, fir besonnesch bezuelbar Wunnenge bei der Planung vu Quartiere mat op d’Dagesuerdnung ze setzen. Bis zu 14.600 nei Wunnenge sollen esou entstoen, dorënner 5.600 Abordabeler.