Ee vun de Sujeten dëst Joer war d'Kris am Bausecteur. Fir de Logementsmarché unzekierpen, hu 5 Banken sech viru ronn engem hallwe Joer zesumme gedoen, an de Projet Prolog op d’Bee gestallt. Domat kréien d’Promoteuren eng zousätzlech Garantie erkläert den Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL, de Jerry Grbic.
"De Promoteur huet normalerweis säi Projet schonn eng Kéier finanzéiert oder accordéiert kritt, mee hie krut en net verkaf. D'Präisser hu sech geännert. Wann hien elo nach eng Kéier deen Dossier eragëtt, seng Bank autoriséiert en, da geet e bei Prolog."
Prolog mécht da seng Analys, déi liicht aneschters ass wéi déi, déi d'Bank mécht, esou de Jerry Grbic.
"Et gëtt eng zousätzlech Garantie, dass dat dote Kapp a Fouss huet, an dass een deen Dossier do kann ënnerschreiwen, dass dat also gebaut gëtt. E Reschtrisiko beim Baue bleift nach ëmmer."
Prolog hätt bis ewell een Dossier accordéiert, sou de Jerry Grbic. Fir den Endconsommateur, also deen, dee sech eng Wunneng well kafen, géif dat Vertrauen an d’Projete vun de Promoteure fuerderen, mengt den ABBL-Direkter. Och wa sech dat bis ewell an den Zuelen nach net géif weisen, ass hien zouversiichtlech, datt hir Mesür de Logementsmarché wäert ukierpen an nach weider Dossiere bei Prolog wäerten eragereecht ginn.
VEFA: Präisser bleiwen héich
Och d’Regierung huet dëst Joer Mesuren en place gesat. Eng dovu sinn déi sougenannte VEFA-Projeten. Also d’Opkafe vu Wunnengen, déi zwar vu Promoteure kaaft, mee net fäerdeg gebaut gi sinn.
De Logementsminister Claude Meisch hat Ufank Dezember an der Chamber erkläert, datt et sech bei de bal 90 Dossieren, déi bis ewell beim Staat eragereecht gi sinn, ëm 650 Wunnengen handelt.
"Mir hunn 89 Dossieren erakritt, déi mir analyséiert hunn, vu privaten Immobilienentwéckler, déi gesot hunn: 'Ech kann deen dote Projet um private Marché net ofsetzen. Ass dat eppes, wat de Staat interesséiert.' Mir hunn der bis elo 15 aktéiert. Mir hu 5 Contrat-de-réservationen (...), mir si bei 9 aneren Dossieren an der Analys an an der Negociatioun dran."
60 - also bal zwee Drëttel – wieren der iwwerdeems refuséiert ginn. Meeschtens well ee sech iwwert de Präis net eens gi wier, sou de Claude Meisch Ufank Dezember.
D’Präisser vun de VEFAe fir den Endconsommateur wieren nach ëmmer ze héich, mengt iwwerdeems de Jerry Grbic.
"Bei de VEFAe si mir nach net grad esou wäit. Dass d'VEFAe vläicht net mussen 20 Prozent erofgoen, schéngt mir och logesch. Wann ee seet: 'Ech kafen eppes Neits. Dat ass energietechnesch vill méi effizient. Ech hunn, wann et gutt gebaut ass, déi nächst 10, 15, 20 Joer keng Investitiounen ze vir ze gesinn.'"
Den Direkter vun der ABBL weist sech iwwerdeems optimistesch, datt duerch d’Verlängerung vun de Subside vu Säite vum Staat, déi a sengen Ae positiv Dynamik dëst Joer, sech och nach d’nächst Joer wäert weisen.