Vun der LSAP a vun déi gréng gouf et Kritik, well d‘Majoritéit net bereet war d‘Bedenke vun der Mënscherechtskommissioun a vum Parquet nach eemol an der Kommissioun ze héieren.
LSAP wërft der Majritéit Arroganz vir
Béid Parteie sinn zwar der Meenung, datt den amendéierten Text dee vereinfacht a méi séier Prozedure fir d‘Installatioun vun esou Kamerasystemer virgesäit, grondsätzlech ze begréissen ass, mee de Risiko vun Agrëff an d‘Fräiheetsrechter vun de Bierger:inne géif weider bestoen. Dat hätten d‘Rapporte vun der Mënscherechtskommissioun a vum Parquet gewisen.
LSAP an déi gréng wollte virun engem Vott dës béid Säiten dann och nach eemol an d‘Kommissioun alueden, wat awer vun der Majoritéit refuséiert gouf, erkläert den Dan Biancalana vun der LSAP
"Ech muss virun allem soen, dass mir haut erëm erlieft hu mat wéi enger Iwwerhieflechkeet an Arroganz d'Majoritéitsparteie mat der Oppositioun ëmgaange sinn. Mir hunn e wichtegt Gesetz, respektiv Rapport, virleie gehat iwwer d'Visupolen, iwwert d'Visu-surveillance. Effektiv an deem Projet de loi ass keng Opposition formelle méi vum Staatsrot. Mir hätten awer zwee ganz kritesch Avise virleien."
Meris Sehovic: "E schlecht Omen fir d'Zukunft"
Besonnesch d‘Mënscherechtskommissioun, déi an Zukunft soll Avisen zu neie Kamerainstallatiounen ofginn, hat drop higewisen, datt si net d‘Moyenen hätt fir dat bannent engem Mount kënne ze maachen, betount den Deputéierte vun déi gréng Meris Sehovic.
Wat eis wierklech enttäuscht: D'Regierung setzt selwer vir, datt d'Mënscherechtskommissioun soll an Zukunft bei all Autorisatiounsprozedur en Avis ofginn Och elo gëtt d'Mënscherechtskommissioun e ganz negativen Avis zum Gesetz of an d'Regierung refuséiert, fir si an d'Parlament ze ruffen an dat ze diskutéieren. Dat ass e ganz, ganz schlecht Omen fir déi zukünfteg Roll vun der Mënscherechtskommissioun an där Autorisatiounsprozedur."
Den Inneminister Léon Gloden huet sengersäits ze verstoe ginn, datt wann d‘Mënscherechtskommissioun méi Moyene sollt kréien, dat an der Responsabilitéit vun der Chamber géing leien. Et wier am Interêt vu jidderengem, datt elo net nach méi Zäit géing verluer goen.
"Mir waren eis eens, datt et muss méi schnell goen"
Déi allgemeng Kritik zum Gesetz huet den Inneminister Léon Gloden awer och zeréckgewisen. Et wier eng Decisioun vun der Chamberkommissioun gewiescht, dës Acteuren elo net nach eng Kéier ze ruffen, esou de Minister.
"Mir haten an der leschter Kommissiounssëtzung d'Amendementer virgestallt. Do sinn et keng spezifesch Remarke gi par rapport zu de Propositiounen, déi ech gemaach hunn. Mir waren eis eens, datt et muss méi schnell goen, fir d'Sécherheet an d'Sécherheetsgefill ze stäerken. Mir schafe keen Iwwerwaachungsstaat. Mir ginn eis ee Moyen, fir d'Sécherheet an d'Sécherheetsgefill vun de Leit ze verbesseren."
Dobäi kéimen eng Rei anere Moyene wéi d'Police locale, déi d'lescht Woch an der Chamber gestëmmt ginn ass, erënnert de Léon Gloden.
Ausserdeem wier hien de Minister gewiescht, deen d'Commission des droits de l 'homme iwwerhaapt mol gefrot hätt, fir en Avis ofzeginn.