Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oppene Bréif un de Premier warnt virun Desinformatioun op Social Media

8 Jonk Politiker:innen

Oppene Bréif un de Premier warnt virun Desinformatioun op Social Media

Aacht jonk Vertrieder:inne vu véier Chamberparteien – CSV, LSAP, DP an déi gréng - hunn e Bréif un de Premier Luc Frieden an de Chamberpresident Claude Wiseler geschriwwen. Si maache sech heiranner Suergen ëm d‘Demokratie. Méi genau ëm Desinformatioun via Sozial Medien.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Social Media | © picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa

D'Desinformatioun géif e grousse Problemer duerstellen a misst konsequent bekämpft ginn. Ënner anerem mat der Verbesserung vun der Medienerzéiung an der Schoul, esou de Bréif, deen um Freidegmoien un d‘Medie verschéckt gouf.

Mat dëser ongewéinlecher Initiativ fuerderen déi 8 jonk Politiker:innen eng parteiiwwergräifend Initiativ fir Demokratie.

Och een neie Biergerrot gëtt proposéiert

Ee vun den 8 Signatairen, de Fabricio Costa vun déi Jonk Gréng, erkläert, datt een Zil vun der Initiativ et ass, iwwerhaapt mol eng Entrevue mam Premier a mam Chamberpresident ze kréien.

"Mir hunn e puer Pisten opgewisen, zum Beispill Medienerzéiung, wou ee vläicht nach ka besser ginn. Biergerbedeelegung, déi ka verbessert ginn. Eisen Usproch wier eeben, dass mir do kucken, zesumme parteiiwwergräifend e Prozess an d'Weeër ze leeden, wéi mir kënnen zum Beispill den nationalen Aktiounsplang en faveur vun der Demokratie op d’Bee stellen."

Lauschterenplay_arrow

Weider gëtt an deem Oppene Bréif un de Premier an un de Chamberpresident d’Schafe vun engem Biergerrot proposéiert.

Dann ass et och d’Fuerderung um europäesche Plang Drock ze maache fir d’Reguléierung vun Online-Plattformen a vu soziale Medie virunzedreiwen.