Radioen

On air

9 bis 1  |  natur musée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik vum SEW/OGBL: "Loosst eis dach a Rou mat deene ville Berichter an Observatiounen"

Enseignement

Kritik vum SEW/OGBL: "Loosst eis dach a Rou mat deene ville Berichter an Observatiounen"

D'Leit am Enseignement misste sech kënnen op d'Kärelement vum Schoulhale fokusséieren. Dat war eng Fuerderung, déi den SEW/OGBL gëschter um Donneschdeg op hirem Protestpiquet zu der Situatioun an de Schoule gestallt huet, bei deem sech eng 80 Leit versammelt haten. Och e puer Oppositiounspolitiker waren dobäi.

auto_stories

1 min

Protestpiquet | © SEW/OGBL
Foto: SEW/OGBL

Et géifen nach ëmmer ze vill administrativ Niewenaarbechten ufalen, déi den Enseignanten d‘Liewe géife schwéier maachen, seet d'Joëlle Damé vum OGBL.

"Do ass fir d'alleréischt deen immense prozeduralen Opwand, deen déi lescht Jore sech installéiert huet, an dee vun de Leit verlaangt gëtt. D'Leit hunn d'Gefill, si géifen een Dossier geréieren, amplaz sech ëm d'Kanner ze këmmeren. D'Leit soen: 'Loosst eis dach a Rou mat deene ville Berichter an Observatiounen.'"

Och den Harcèlement wier nach ëmmer e Problem op villen Aarbechtsplazen, notamment och an de Schoulen. Do missten onofhängeg Ulafstellen instauréiert ginn, wou déi Leit sech kéinte mellen, sou nach d'Joëlle Damé.

Zil wier et elo, datt d'Politik sech d'Problemer vum Enseignement géif ulauschteren, an datt ee sech kéint zesummen un een Dësch setzen an iwwer d’Bildung schwätzen.