De Claude Meisch géif als Educatiounsminister d'Frankophoniséierung duerchsetzen an ëmmer manner op Lëtzebuergesch setzen, huet de Fraktiounschef Fred Keup bedauert.
Wann et zu engem Referendum zu deem Theema kéim, géife wuel 80 Prozent vun der Populatioun géint d’Frankophoniséierung stëmmen, esou d'Meenung vum Fred Keup.
"2017 hate mer deemools als Wee 2050 deem Minister virgehäit e wéilt d'Alphabetiséierung op Franséisch aféieren. Dee Minister huet deemools dorop reagéiert a gesot: "Cette accusation est dénuée detout fondement, de toute évidence, le ministère n'envisage pas l'introductionde l'alphabétisation en français à l'école fondamentale luxembourgeoise." Néng Joer drop soll dat da flächendeckend agefouert ginn. Dir kéint mer net zielen, datt déi Iddi deemools net schonn do war! An dat ass eben déi Geschicht, wou probéiert gëtt, Saachen ze verstoppen. An dat ass d'Politik vum Här Meisch!"
Donieft kéint de Grand-Duché net um Wee vum Wuesstem bleiwen, obwuel d'Budgetspresentatioun ënner dem Titel "Matenee wuessen" stoung. D'ADR wëllt op alle Fall kee Staat mat enger Millioun Résidenten.
Skeptesch par Rapport zu Sondagen
Der sougenannter Sonndesfro vun TNS-Ilres no géif d'ADR wann e Sonnde géif gewielt ginn, dräi Sëtz bäigewannen a wär domat de grousse Gewënner. De Fraktiounschef Fred Keup mengt dozou, datt Ëmfroen dat wären, wat se wären a weist sech skeptesch.
"Mir gesinn do, datt d'ADR däitlech bäigewënnt, a mir kommen op ronn 12 Prozent, wann een dat dann esou hëlt, wat dann och gutt wär; da géife mer och an der Chamber méi staark ginn. Wann een et vergläicht, da gesäit een: Virun de Walen 2023 ware mer bei der Ëmfro op 6,9 Prozent a bei de Wale koume mer op 9,6 Prozent."
Wann een dat op deen neiste Sondage géif ëmmënzen, kéim een da jo souguer bal op 15%, esou nach de Fred Keup.
Donieft bräicht d'Ofdreiwung net an d'Verfassung ageschriwwen ze ginn a sollt d’Zuel vun den Deputéierten eropgoen, eventuell op 80, sollt et zu méi Referenden am Grand-Duché kommen, esou nach de Fred Keup.