Keen Handy an der Schoul, dat ass zu Lëtzebuerg lo normal. Kee reegt sech méi op, net emol d’Kanner. Déi si scho leschten Hierscht gewiesselt – vum Handy op den iPad. Op Teams kann een och gutt chatten an de groussen Ecran ass fir online-Spiller nach vill besser.
Natierlech ass dat an der Schoul an doheem opgefall. No dem Handy ass dofir lo den iPad an der Kritik: Enseignanten an Eltere fuerdere Spären a méi streng Reegelen - an de Ministère reagéiert mat Versteesdemech. "Den iPad ass kee Gadget", heescht et am Educatiounsministère. Fir Jonker bis 4e soll lo den Zougang vill méi streng reglementéiert ginn.
Risiko vun engem Zweeklassesystem
Déi éischt Reegele si schonn a Kraaft. Zënter der Päischtvakanz ass fir all Kanner ënner 15 Joer den eduroam gespaart. Och déi schoulintern Reseaue kréie méi Filteren, déi Spillen an Chatte blockéieren. En plus ginn zäitlech Limitten diskutéiert, fir datt d’Kanner owes schlofen amplaz ze schaffen.
Zousätzlech zu dësen nationale Reegele soll all Lycée fir den ënneschte Cycle selwer decidéieren, wéi vill Raum dat digitaalt Léieren an Zukunft nach kritt. An do kënnt en Zweeklassesystem. Déi eng Lycéeë rulle just nach bei Bedarf e Chariot mat iPads an d’Klass. Déi aner bleiwe bäi eent zu eent a ginn all Kanner ab 7e en eegen Device, mat dem och doheem ka geschafft ginn.
Bis elo war dat de Goldstandard. All Schüler a Schülerin am Lycée sollt de kriteschen a sënnvollen Ëmgang mam Digitale léieren. Dat ass elo anescht. Zwar seet de Ministère nach ëmmer, den iPad wier en zentraalt Aarbechtsinstrument. Mee de Fokus ass verrutscht, et geet méi drëm datt d’Kanner net ze vill um Ecran hänken. An et muss och gespuert ginn.
Eenzel Schoule sinn iwwerfuerdert
Fir Schoulen, déi den iPad weiderhin am Schoulalldag asetze wëllen, ginn d’Konditioune massiv verschäerft. Si misse bannent engem Joer hausintern e komplext Mediekonzept ausschaffen, wou dat "digital well being" vun de Kanner kombinéiert gëtt mat pedagogeschen Ziler, Methodentraining - a praktesch iPad-Reegele fir all Fach.
Esou e komplexe Konzept mécht Sënn, mee fir eenzel Schoulen ass dat bal net ze packen. Den Handyverbuet ëmzesetze war Peanuts am Verglach mat dem wat elo fir den iPad gefuerdert gëtt.
Schaffen um Bildschierm muss fréi geléiert ginn
Kee Wonner, datt eng Rei vu Lycéeë lo decidéieren, op den iPad ze verzichten. “Ouni” ass vill méi einfach. An am Trend vun der Screen-Life-Balance verkeeft sech dat och gutt. Esou munche Lycée huet bei de Portes Ouvertes Reklamm gemaach, rëm just nach mat Bicher ze schaffen. Vill Eltere si midd vun den Diskussiounen ëm den Ecran a fannen dat gutt.
Pedagogesch ass et awer e Réckschrëtt. Digitaalt Schaffen, Teamwork am Netz, den Asaz vu Google a KI muss trainéiert ginn. Ween eréischt ab 3e léiert, um Bildschierm ze schaffen, gëtt op der Uni ofgehaangen.
An engem ëffentleche Schoulsystem sollt all Schüler a Schülerin digital fit gemaach ginn, ganz egal a wéi engem Lycée. Dofir braucht et en nationaalt Digital-Learning Konzept, bei dem all eis Schoule gehollef kréien, den iPad besser ze integréiere amplaz en einfach ze verbannen. “Old school” ass populär, mee et ass keng Léisung.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.