arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarbechten um SNJ-Site zu Huelmes ginn 2028 ofgeschloss

Zenter fir Ëmwelterzéiung

|
headphones

2 min

Aarbechten um SNJ-Site zu Huelmes ginn 2028 ofgeschloss

Enn 2028 sollen d’Renovéierung an den Ausbau vum Zenter vum Service national de la jeunesse (SNJ) zu Huelmes fäerdeg sinn. Um Site vum Schlass an der Gemeng Helperknapp soll een nationalen Zenter fir Ëmwelterzéiung entstoen.

headphones

2 min

3D-Illustratioun vum fäerdege Projet zu Huelmes | © TEISEN-GIESLER ARCHITECTES
(Foto: TEISEN-GIESLER ARCHITECTES)

Beim symboleschen éischte Spuetestéch huet et haut geheescht, datt et och een “Hotspot fir d’Jugend” soll ginn. Zum Projet an der Vallée des 7 châteaux gehéiert och een Neibau fir d’Jugendherberg.

De Bauprojet géif op enger eenzegaarteger Plaz, an engem historesche Gebai an no bei der Natur realiséiert ginn, esou den SNJ-Direkter Georges Metz. Déi nei Jugendherberg zu Huelmes soll 120 Better hunn, opgedeelt op 30 Zëmmeren.

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Budget läit bei iwwer 31 Milliounen Euro

A gutt dräi Joer sollen d’Moderniséierungsaarbechten um Site vum Schlass zu Huelmes ofgeschloss sinn, gouf ugekënnegt. De Buergermeeschter vun der Gemeng Helperknapp, de Paul Mangen weist sech zefridden, datt dëse Site elo géif revaloriséiert ginn. Hie begréisst och, datt de Staat hei mat investéiert huet.

De Staat wéilt zu Huelmes investéiere fir d’Norme vun haut ze respektéieren, seet d’Ministerin fir ëffentlech Aarbechte Yuriko Backes. De Site hätt eng “immens Valeur” an et wier deemno och een Invest an de Patrimoine. Zum Projet gehéieren ënner anerem eng Vëlosgarage an ee Bistro. Alles an allem soll de Projet 31 Milliounen Euro kaschten, erkläert d‘DP-Politikerin. Wéinst der Decouverte vun enger historescher Bréck de leschte Summer hätt de Projet missten ëmgeduecht ginn a wier dowéinst och 3 Milliounen Euro méi deier ginn.