Mat der geplangter Reform vum Jugendschutz hofft d‘Michèle Bressanutti, Direktesch vum Office National de l‘Enfance, datt deen Taux vun de judiciaire Placementer ka reduzéiert ginn. Si begréisst, datt d’Regierung verstäerkt op de präventive Volet géif setzen.
Iwwer d‘Elterefore kënnen d‘Eltere schonn deelweis virun der Gebuert vum Kand sensibiliséiert ginn. Esou kënne Problemer och séier erkannt ginn. D‘Bedeelegung vun de Famille wier ee wichtegt Thema, betount d‘Michèle Bressanutti.
"Famillen, déi och an Decisiounsprozesser mat abezu ginn, fir dass eben sou wäit wéi et méiglech ass, an ëmmer ënner der Garantie, dass d'Sécherheet vum Kand gewährleistet bleift, d'Kanner kënnen an hirer Herkunftsfamill bleiwen."
Gréissten Trauma entsteet, wann d'Kanner aus der Famill erausgeholl ginn
Nëmme wann d‘Sécherheet vum Kand net méi ka garantéiert ginn, soll et zu engem Deplacement kommen. De gréissten Trauma wier fir déi betraffe Kanner nämlech, wann si missten hir Hierkonftsfamill verloossen, betount d’Michèle Bressanutti.
"Souguer Kanner, déi mësshandelt ginn doheem, erliewen d'Trennung vun hiren Elteren ëmmer als en Trauma."
Dofir misst och d’Zil ëmmer bleiwen an der Betreiung, datt e Kand zeréck bei seng Famill kéint.