Lescht 10 Joer: ronn 3.500 Kanner verstuerwe, beim Versuch iwwer d'Mëttelmier an Europa ze kommen
Ronn 3.500 Kanner sinn an de leschten 10 Joer verstuerwen oder gi vermësst, wéi se probéiert hunn, iwwer d‘Mëttelmier an Europa ze kommen. Dat ass e Kand all Dag. Dat geet aus dem neie Rapport vun der Unicef ervir.
UNICEF Protect Children (Foto: UNICEF / UNI443216)
Am Ganze wieren déi lescht 10 Joer 20.800 Mënschen am Mëttelmier ëmkomm. Dat wiere just déi, déi bekannt sinn. Et wieren och Booter ënnergaangen, wou keen iwwerlieft hätt a wou et deemno keng Zeie ginn, heescht et am Rapport vun Unicef.
7 vun 10 Kanner géifen eleng reesen. Si géife viru Krich, Konflikter, Gewalt an Aarmut fortlafen. Iwwert d‘Hallschent vun hinnen hätte Gewalt um eegene Kierper erlieft.