De President vum Gemengeverband Syvicol fënnt, datt d'Approche vum Familljeminister Max Hahn richteg wier. Hie géif begréissen, datt den DP-Minister déi verschidde Gemengen eenzel kontaktéiert, well 'Integratiounsméiglechkeete vun de Gemenge sech immens géifen ënnerscheeden.
Och d'ADR ass dogéint d'Gemengen ze zwénge méi Flüchtlingen opzehuelen. Den ADR-Deputéierten Dan Hardy betount dozou op Nofro hin, datt et fir d'ADR kloer wier, datt d'Gemenge bei "Regierungsdecisiounen, déi si direkt oder indirekt betreffen, scho mussen am Virfeld agebonnen an net virun e Fait accompli gestallt ginn". Et sollte just Gemengen, déi sech fräiwëlleg melle fir e Foyer a Fro kommen an Ënnerstëtzung vum Staat kréien.
déi gréng an d'LSAP si fir Quoten
Aner Oppositiounsparteie fuerderen dogéint méi kloer Richtlinne fir d'Gemengen. D'LSAP-Deputéiert Liz Braz hat sech d'lescht Woch am 100,7-Interview dofir ausgeschwat, datt d'Gemengen iwwer e Quotesystem gezwonge ginn eng bestëmmten Zuel u Flüchtlingen opzehuelen. An och de Meris Sehovic vun de Grénge schwätzt sech fir esou Quoten aus. Et géif een eng Solidaritéit tëschent den 100 Gemengen am Land brauchen.
"Mir mussen eis awer bewosst sinn, datt dat eng Léisung ass fir d'Demandeurs de protection internationale, also fir déi Leit, déi an der Prozedur sinn. Et ka keng dauerhaft Léisung si fir Mënschen, deenen de Schutzstatus hei accordéiert ginn ass."
De grénge Politiker weist awer och drop hin, datt den Emploi eng wichteg Roll spillt bei eiser Flüchtlingspolitik, well vill Beneficiairen an Demandeuren hir Diplomer beispillsweis net géifen unerkannt kréien. Vill Leit déi schaffe wéilten, kéinten dat net, wéinst Qualifikatiounen, déi si net hunn oder net unerkannt kréin. Eng Aarbecht wier nämlech e wichtege Krittär bei der Wunnengssich.