Ëmmer méi Rapporten zéien déi selwecht Conclusioun. Déi mental Gesondheet ass bei de Kanner a Jugendlechen e Problem. D'Barbara Agostino vun der DP huet an der Chamber beispillsweis op ee Rapport vun der Uni Lëtzebuerg higewisen, fir deen 8.000 Schüler a Schülerinnen am Alter tëschent 11 an 18 Joer befrot goufen. D'Uni huet erausfonnt, datt nëmmen 28 Prozent vun de Jonken eng héich Liewenszefriddenheet hätten.
"Donieft huet bal e Véierel vun de Lycéeschüler uginn, am leschte Joer Suicidegedanke gehat ze hunn. Dat bedeit, datt an enger Klass vun 20 Schüler fënnef vun hinne mat esou Gedanken ze kämpfen hunn."
déi gréng: Net just d'Schoulen an d'Verantwortung huelen
Och d'Djuna Bernard vun déi gréng bezitt sech op dee selwechte Rapport fir Verbesserungspisten ze nennen. Beispillsweis sollt een d'Accessibilitéit zu Programmer an Ariichtunge verbesseren, fir datt Kanner sech méi séier kënnen Hëllef sichen.
Konkret sollt een net just op d'Schoul setzen, mee och op d'Jugendveräiner, d'Sportsclibb an d'Jugendhaiser.
"Als Beispill wëll ech hei d'Formatioun zur éischter Hëllef an der mentaler Gesondheet nennen, déi mëttlerweil bei de Scouten ugebuede gëtt, fir esou och d'Schäffen ze outilléieren, wéi si mat dësem wichtegen, mee och sensibele Sujet ëmginn."
De Sven Clement vun de Pirate betount, datt d'Ursaache vun dësem Probleem villschichteg sinn. Ee Grond duerfir wier, datt d'Kanner ze vill Zäit virum Ecran géife verbréngen an net genuch perséinlech Kontakter hätten.
Martine Deprez: Wichteg schonn am Jugendalter unzesetzen
D'Gesondheetsministesch esou wéi den Educatiounsminister hu betount, wéi wichteg et wier iwwer mental Gesondheet ze schwätzen. Virun allem bei Kanner a Jugendlechen, preziséiert d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez.
"Mental Krankheete brauchen eng Zäitchen, bis se entstinn. An déi wëssenschaftlech Expertise seet eis, datt schwéier mental Krankheeten, déi hannenno am Erwuessenenalter fonnt ginn, hir Originnen zu 75 Prozent ënner 24 Joer hunn. Dat heescht dofir eisen Akzent op déi Jonk."
D'LSAP-Deputéiert Francine Closener huet de Virschlag vun der Regierung eng Commission Jointe ze organiséiere begréisst.