Soubal de Virfall festgestallt gouf, wieren direkt déi virgeschriwwe Sécherheetsprotokoller ugewannt ginn, d‘Rettungsservicer goufen alarméiert an de CGDIS kontaktéiert.
Kanner an Educatrice aus Sécherheetsgrënn an d'Klinik komm
An Zesummenaarbecht mat Experte vu Bréissel wier eng Risikobewäertung duerchgefouert ginn. Den 112 hätt Ambulanzen an de Samu op d‘Plaz geschéckt. D‘Kanner an d‘Educatrice wieren aus Sécherheetsgrënn an d‘Klinik komm fir ënnersicht ze ginn.
D'Eltere wiere perséinlech informéiert a vun der Responsabeler vun der Maison Relais betreit ginn. Et wier deemno alles no Virschrëft ofgelaf.
Intern Analys an d'Weeër geleet
D‘Police hätt eng Enquête lancéiert an de Parquet wier informéiert ginn, sou nach d‘Gemeng an engem Communiqué. Et wier och eng intern Analys an d‘Weeër geleet ginn, fir déi genee Ëmstänn vum Virfall ze ermëttelen.
D‘Gemeng Stengefort erënnert och drun, datt et sech ëm mannerjäreg Kanner handelt, an dass dofir keng Informatiounen hunn dierften un de grousse Public goen, mee just un déi betraffe Persounen.