arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Pedibussen um Kierchbierg

Sécher Schoulweeër

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Zwee Pedibussen um Kierchbierg

Zënter dësem Méindeg kënne Schoulkanner um Kierchbierg och vum sougenannte Pedibus profitéieren, an ënner Begleedung sécher zu Fouss an d’Schoul goen. Dat annoncéiert de Maurice Bauer éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg um City Breakfast annoncéiert.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Schüler | © Bigstock /romrodinka
Schüler (Foto: Bigstock /romrodinka)

Beim Pedibus, gi Kanner vun ausgebiltem Personal zu Fouss um Schoulwee begleet. Dëse Projet fir sécher Schoulweeër gëtt et schonn a 7 Stater Quartieren. Um Kierchbierg ginn elo zwou Linnen op, sou de Maurice Bauer:

“An der Anne Beffort-Schoul hu mer elo zwou Linnen opgemaach, déi jeeweils véier a fënnef Arrêten hunn. An dann eebe wéi dee Prinzip et ass, Kanner zu Fouss begleet ënnert der Supervisioun vun zwee oder méi Accompagnateuren, dat hänkt vum Grupp of.”

Am Stater Gemengerot war dës Woch och d’Fro opkomm, op e Pedibus fir d’Cloche d’Or virgesinn ass. De Moment wier dat net de Plang, sou de Schoulschäffe Paul Galles de Méindeg am Gemengerot. Et wiere relativ wäit Distanzen an do géif een de Moment mat Busser fueren. De Pedibus géif au fur et à mesure agefouert ginn, jee no dem wéi grouss d’Demande ass, sou d'Erklärung vum Schoulschäffe Paul Galles.

 

play_arrow Lauschteren