arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SEW kritiséiert Reformen an der Schoul

SEW/OGBL

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

SEW kritiséiert Reformen an der Schoul

Kuerz virun der Schoulrentrée kritiséiert d'Enseignantsgewerkschaft SEW déi politesch Reformen am Schoulsystem. An de leschte Joren hätt een den Androck kritt, datt een de Schüler ëmmer manner Ustrengunge wéilt zoumudden, esou d'Vera Dockendorf vum SWE.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Bal 3.800 Schüler:inne sinn dëst Joer fir déi Examen ageschriwwen. | © Bigstock / Chinnapong
Bal 3.800 Schüler:inne sinn dëst Joer fir déi Examen ageschriwwen. (Foto: Bigstock / Chinnapong)

De Cycle inférieur am Général wier symbolesch fir d'Politik vum Educatiounsministère, esou d'Vera Dockendorf. Trotz ongenügenden Notten an Haaptfächer wéi Mathé oder Sprooche géife Schüler vu 5ème bis 7ème ouni Problem duerchkommen.

"Mir si wierklech iwwerzeegt dovun, datt mer mussen d'Promotiounskrittäre manner lax gestalten, d'Mindestkrittären aféieren, fir eeben dee Moment, wou mer Lacunne feststellen, kënnen drop ze schaffen, fir den Effort kënnen anzefuerderen. Net eréischt op Cinquième, wou et an deene meeschte Fäll ze spéit ass."

Reformen ee Grond fir niddreg Reussite beim Premièresexamen

Esou Mindestkrittäre wieren och en vue vun de Premièresexame wichteg, esou d'Vera Dockendorf vun der Enseignantsgewerkschaft SEW. Den niddregen Taux de Reussite wier net just d’Resultat vun der Pandemie, mee och vun der Reform vum Cycle inféreiur aus dem Joer 2018.

Dëst Joer hate just 66 Prozent vun de Schüler am Général de Premièresexamen direkt gepackt.

"D'Mindestkrittäre fir de Cycle inférieur sinn dréngend noutwendeg. Fir eis muss einfach eng Basis do sinn. D'Diplomer musse verdéngt sinn a sollen net verschenkt ginn, well doduerch ginn se eigentlech entwäert. Wat ëmmer erëm dozou féiert, datt sozial besser gestallte Schüler wäerte besser zerechtkommen, well se iwwer Vitamin B oder finanziell Méiglechkeete vun den Elteren dann iergendwou seng Plaz fannen."

An den Europaschoule wier den Taux de Reussite zwar mat knapp 99 Prozent däitlech méi héich, mee dës Zuele géifen awer iwwert Problemer ewech täuschen, esou d'Vera Dockendorf.

"Mir hu wierklech vill Schüler, déi en Diplom hunn. Mee d'Kompetenzen, déi mat deem Diplom einherginn, si bei deenen, déi e just knapp gepackt hunn an och mat Ongenügenden gepackt hunn, net wierklech héich. Dat erkläert, wéi mer op esou een Taux de réussite kommen. Einfach e bëssen d'Promotiounskrittären aneschters maachen, d'Ufuerderung e bësse senken, da kréie mer dat schonn hin."

D'Promotiounscritèrë missten a béide Schoulsystemer ugepasst ginn, fir datt d'Diplomer an Zukunft net weider u Wäert verléieren an d’Schüler déi néideg Kompetenzen hu fir op enger Uni oder an der Aarbechtswelt ze bestoen, fuerdert d'Vera Dockendorf. 

play_arrow Lauschteren