Si hunn elo stresseg Deeg virun sech. A wéi et schéngt, ginn och ëmmer méi Primaner sech Hëllef siche fir mat dem Stress ëmzegoen. D’Armanda Hamtiaux, d’Vize-Direktesch vum schoulpsychologesche Service Sepas sot eis, d’Psychologen an de Lycéeën hätten an de leschte Jore méi Demandë vu Premièresschüler:inne kritt. Dat géif drop hindeiten, datt si duerch déi aktuell Entwécklungen an der Welt haut méi gestresst an ängschtlech sinn, wéi nach virun e puer Joer.
Warscheinlech hätt awer och d'Hemmschwell ofgeholl fir no psychologescher Hëllef ze froen, esou déi Responsabel vum Sepas.
Wéi geet ee mam Stress am beschten ëm?
De Schüler:inne selwer réit si, datt si op hir Erfarunge sollen zeréckgräifen, fir mam Examensstress ëmzegoen. Duerch d'Tester déi een am Virfeld gemaach huet hätt ee schonn eng Rëtsch Ressourcen. Dat wat fir d‘Schüler:inne virdru funktionéiert huet, wäert och elo funktionéiere seet si.
Nieft der inhaltlecher Preparatioun hëlleft dann och déi mental Preparatioun. An d‘physesch Gesondheet géif och eng grouss Roll spillen, betount d‘Armanda Hamtiaux: Genuch Schlof, eng gesond Ernärung a Pause wiere genau sou wichteg.