D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC an d’Associatioun vun de Schwammmeeschteren ALIN haten e Méindeg an engem Communiqué eng Entschëllegung vun der CSV-Deputéiert Nancy Arendt gefuerdert, well si sech op Facebook respektlos vis-a-vis vun de Schwammmeeschtere geäussert hätt.
Si hat geschriwwen, datt et d’Aufgab vum Léierpersonal wier, de Kanner schwamme bäizebréngen, an net déi vun engem Schwammmeeschter, deen aner Aufgaben an enger Schwämm hätt. Si stéing och weiderhin hannert hirer Ausso, sot d’Nancy Arendt am 100,7-Interview.