Hir Recoursen, fir d’Decisioun vum Inneminister Léon Gloden vun Dezember 2023 ze annuléieren, goufen zréckgewisen.
Am Mäerz 2023 hat de Stater Gemengerot säi Policereglement an deem Sënn ëmgeännert, woumat d’Taina Bofferding am Mee 2023 net d‘accord war. Dofir awer de Léon Gloden siwe Méint drop. Am Mäerz zejoert waren dowéinst zwee Heescherten op d’Verwaltungsgeriicht gaangen.
Keen "Intérêt à agir"
D’Urteeler dréien an der Haaptsaach ëm d’Fro vum "Intérêt à agir" vun den Heescherten, also ob si selwer vum Heescheverbuet betraff sinn. De Staat an d’Stad hunn deen net bei hinne gesinn. Virun allem wier net bewisen, datt d’Heeschen hiren eenzege Moyen wier, fir fir hire Liewensënnerhalt ze suergen. Déi zwee Heescherten haten awer erkläert, datt si fir ze liewen näischt hätten ausser deem, wat si beim Heesche kréichen.
Deen 1. Heeschert hat donieft virgehäit kritt, datt hie wéinst der "dimension éminemment politique du dossier" wuel e Statist wier, fir datt politesch Géigner d’Affär viru Geriicht brénge kéinten. Dogéint hat de Mann gemengt, hie wier net am Numm vun Aneren op d’Geriicht komm.
Béid Männer hätten net op Froe geäntwert
An hiren Urteeler halen d’Riichter vum Tribunal administratif fest, datt e perséinlechen Intressi vun den Heescherte virleie misst an op Froe vum Staat a vun der Stad misst geäntwert ginn. Wann den 1. Heeschert soe géif, datt hien zanter engem Joer keen Daach méi iwwert dem Kapp hätt, da wier him entgéintzehalen, datt hien awer nach e Wunnsëtz hätt. Deemno kéint hien zum Beispill vum REVIS profitéieren. Well de Mann net Stellung geholl hätt zu der Fro vum Wunnsëtz, hätt hie keen Intressi fir ze agéieren. Säi Recours wier dowéinst irrecevabel ze erklären.
Den 2. Heeschert dann, en Däitschen, wier den eegenen Aussoen no zanter engem Joer am Land an hätt keen Daach iwwert dem Kapp. Och hien, sou d’Riichter, hätt net op Froe vum Staat a vun der Stad geäntwert, och net zu sengem irregulären Openthalt am Land, sou datt och säi Recours misst irrecevabel erkläert ginn.