Mat sengem Telefonat mam Wladimir Putin an der Annonce, esou séier wéi méiglech Verhandlungen iwwer e Fridden an der Ukrain unzegoen, huet den Donald Trump den Toun gesat fir déi nächst dräi Deeg zu München. An dat, obwuel den amerikanesche President guer net selwer op d'Münchener Sécherheetskonferenz kënnt.
Hoffnung op Fortschrëtter
D'USA sinn duerch de Vizepresident JD Vance an den Ausseminister Marco Rubio vertrueden. Geplangt ass och en Treffen tëschent dem Vizepresident, an dem ukrainesche Staatschef Wolodymyr Selenskyj- D'Hoffnung ass grouss, datt zu München kënne Fortschrëtter gemaach ginn, wat méiglech Friddensverhandlungen ugeet.
Hanner den ëffentlechen Table-ronden a Podiumsdiskussiounen dierft et och tëschent den amerikaneschen an den europäesche Participante vill Gespréichsstoff ginn. Ufanks der Woch hat deen neien US-Verteidegungsminister Pete Hegseth gefuerdert, déi europäesch Länner missten däitlech méi Suen un d'NATO bezuelen. Och d'Pläng vum Donald Trump fir d'Gazasträif hu bei den europäesche Partner net fir grouss Begeeschterung gesuergt.
Intern Sécherheet vun Däitschland wäert och eng Roll spillen
Op der Sécherheetskonferenz wäert awer och den däitsche Walkampf eng Roll spillen. De Samschdeg schwätzen de Bundeskanzler Olaf Scholz, wéi och d'Kanzlerkandidate Friedrich Merz a Robert Habeck. Nom Attentat den Donneschdeg zu München dierft et dobäi besonnesch ëm déi intern Sécherheet an Däitschland goen.