D'USA fuerderen déi ugeschwaten ukrainesch Matière-premièren als Kompensatioun fir d'Verteidegungshëllef, déi si der Ukrain an de leschten dräi Joer am Krich mat Russland ginn hunn.
Net nëmmen d'Ukrain mee och europäesch Länner soe sech indignéiert, datt den Trump d'Krichsnout vum Land ausnotze wëllt fir e lukrativen Deal.
Déi europäesch Staats- a Regierungscheffe beschäftege sech haut um Mëttwoch an enger Videokonferenz mat der Ukrain. De franséische President Emmanuel Macron wëllt an deem Kontext vu senger rezenter Entrevue mam Donald Trump erzielen.