Schonn d‘nächst Woch soll eng US-Delegatioun, mam US-Ausseminister Marco Rubio a säi russeschen Homolog Sergej Lawrow dofir a Saudi-Arabien reesen, heescht et vu Washington. Fir d‘USA sollen och nach den nationale Sécherheetsberoder Mike Waltz an den Noost-Beoptraagte Steve Witkoff dobäi sinn.
Gläichzäiteg plangen d‘EU Staats- a Regierungscheffen och kuerzfristeg ee spezielle Sommet, an zwar och an den nächsten Deeg zu Paräis. Nach wier awer nach näischt festgeluecht, heescht et aus dem Elysee.
De Wolodymyr Selenskyj hat op der Münchener Sécherheetskonferenz kloer gefuerdert, datt och Europa bei Friddensverhandlunge mat um Dësch setzt.