De Mëttwoch hunn Trump a Putin iwwer eng Stonn mateneen telefonéiert an och eng géigesäiteg Visitt ofgemaach.
Den Trump huet duerno och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ugeruff. Deen huet vun engem gudde Gespréich geschwat. D'USA wiere staark genuch fir Russland zum Fridden ze zwéngen, esou de Selenskyj.
D'Ukrain misst awer Kompromësser maachen, huet den Trump nach gesot. Et wier onwarscheinlech, datt si hir Territoiren zeréckkréien an eng NATO-Memberschaft vun der Ukrain wier net praktikabel, esou den amerikanesche President.
D'Europa soll de Fridden an der Ukrain iwwerdeems militäresch ofsécheren an d'Land ënnerstëtzen, huet den amerikanesche Verdeedegungsminister Pete Hegseth de Mëttwoch bei enger Ukrain-Reunioun zu Bréissel gefuerdert a preziséiert, datt Europa dat zum gréissten Deel ouni d'USA solle maachen.
Xavier Bettel: "Dat wier e falscht Zeechen"
Et kéint net sinn, datt elo zwee Leit sech treffen ouni aner concernéiert Parteien anzebannen, fënnt de Xavier Bettel. Et dierft och net sou ausgesinn, wéi wann de russesche President Putin sech näischt virzewerfen hätt, oder datt een hannert dem Réck vun der Ukrain Léisunge gesicht ginn. "Dat wier e falscht Zeechen op jiddwer Fall", seet den Ausseminister.
ADR: Europäesch Bedeelegung kéint Accord onméiglech maachen
D’ADR begréisst d’Telefonsgespréich tëschent dem Donald Trump an dem Wladimir Putin. An och d’Aussoe vum US-President duerno. Et géif een awer fäerten, datt eng europäesch an eng ukrainesch Bedeelegung bei de Gespréicher een Accord kéinten onméiglech maachen.
Trotzdeem dierften d’Entscheedungen net iwwert d’Käpp vun der Ukrain an der EU getraff ginn, sou d’Alexandra Schoos an enger schrëftlecher Äntwert op eis Nofro hin.
LSAP: Ukrain muss mat agebonne ginn
D’LSAP begréisst, datt een elo engem Fridden an der Ukrain endlech méi no kennt, sou den Yves Cruchten. Wichteg wier awer, datt d’Ukrain an de Prozess géif agebonne ginn. D‘Ukrainer:inne wieren deemno déi eenzeg, déi iwwer hiren Territoire ze fannen hunn, ënnersträicht den Yves Cruchten.
"Déi musse jo herno och sengem Accord zoustëmmen an dofir mussen déi mat um Dësch sëtzen."
Déi Lénk: Ukrain ass Affer vun engem Muechtkampf
An Europa misst mat an d’Entscheedung agebonne ginn, sou nach den Yves Cruchten. Ëmmerhi géif een elo zanter bal dräi Joer d’Ukrain massiv militäresch ënnerstëtzen.
Fir den David Wagner vun déi Lenk stellt sech elo virun allem eng Fro, an zwar déi, wat dat ukrainesch Vollek wëll. Si wieren d'Affer vun engem Muechtkampf tëscht zwee Blocken, seet den David Wagner. Och hie fënnt, datt d‘Europäesch Länner mat missten um Dësch setzen.