Radioen

On air

Moiesstudio  |  Bryan Ferry + Roxy Music - Love Is The Drug

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: Schutzstatus vu verschiddene Syrer soll iwwerpréift ginn

Wann d'Situatioun a Syrie sech nohalteg stabiliséiert

Däitschland: Schutzstatus vu verschiddene Syrer soll iwwerpréift ginn

Déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser huet ugekënnegt, de Schutzstatus vu bestëmmte syresche Flüchtlingen an Däitschland ze iwwerpréiwen.

auto_stories

1 min

Nancy Faeser | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Dëst kéint bedeiten, datt eeler "Schutzgewährungen" vum Bundesamt fir Migratioun a Flüchtlingen opgehuewe ginn, wann d’Situatioun a Syrien als stabil agestuuft gëtt.

D’SPD-Ministesch sot an däitsche Medien, datt dëst haaptsächlech Persoune betrëfft, déi net duerch Aarbecht oder Ausbildung en anert Openthaltsrecht hunn an net bereet sinn, fräiwëlleg zréckzegoen.

Zousätzlech huet d’Nancy Faeser betount, datt Stroftäter an Extremisten esou séier wéi méiglech sollen ausgewise ginn. Do dogéint solle Migranten, déi däitsch geléiert hunn an an Däitschland eng Heemescht fonnt hunn, dierfe bleiwen.