Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Finanzplaz Lëtzebuerg een Haaptgewënner vum Brexit

Luxembourg for Finance

D'Finanzplaz Lëtzebuerg een Haaptgewënner vum Brexit

Lëtzebuerg wier ee vun den Haaptgewënner vum Brexit gewiescht, seet den Tom Théobald, de Generaldirekter vu Luxembourg for Finance. Deen ass elo 5 Joer hier. Bis haut géif een och nach d'Nieweneffekter vum Brexit spieren.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Tom Théobald, de Generaldirekter vu Luxembourg for Finance | © Morgane Weidig play_arrow
Tom Théobald, de Generaldirekter vu Luxembourg for Finance (Foto: Morgane Weidig)

De Londoner Buergermeeschter huet am Oktober behaapt, London wier elo souguer besser dru wéi virum Brexit. "London wäert ëmmer eng grouss international Finanzplaz bleiwen", seet den Tom Théobald. Et géif keng Finanzplaz ginn op der Welt, déi esou breet opgestallt ass wéi London. Lëtzebuerg zum Beispill hätt sech éischter op verschidden Aktivitéite spezialiséiert.

Den Tom Théobald hätt trotzdeem bis elo nach mat kengem zu London geschwat, deen de Brexit fir eng gutt Iddi hält.

Lëtzebuerg huet een Alliéierte verluer

Bis haut géif een och nach d'Nieweneffekter vum Brexit spieren, betount den Tom Théobald. Fréier hätte grouss Acteure sech ëmmer fir London als Standuert decidéiert. Haut géifen d'Decisioune gäre mol anescht fale - zum Virdeel vun der Finanzplaz Lëtzebuerg. Et wier ee mëttlerweil de gréissten Exportpartner an Europa fir Finanzservicer aus Groussbritannien an deen zweetgréissten Exportpartner weltwäit.

Trotzdeem hätt Lëtzebuerg een Alliéierte bannen der EU verluer, wat eng Regulatioun vum Finanzmaart fir grenziwwerschreidend Servicer a Produiten ugeet.

Lauschterenplay_arrow