Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Daniel Porcedda – Flucht aus Kiew an en neit Liewen zu Lëtzebuerg

Flucht an Erënnerung

Daniel Porcedda – Flucht aus Kiew an en neit Liewen zu Lëtzebuerg

Haut viru genee 3 Joer huet Russland d’Ukrain ugegraff. 100.000 Fraen, Kanner an eeler Mënschen hunn d’Ukrain deemools verlooss. Ee vun hinne war den Daniel Porcedda, deen zu Esch opgewuess ass. Hien huet 24 Joer laang an der Ukrainescher Haaptstad Kiew gelieft, bis virun 3 Joer. Nom Ugrëff huet hien zesumme mat senger ukrainescher Fra d’Land verlooss.

auto_stories

4 min

Daniel Porcedda | © Chris Zeien
Daniel Porcedda (Foto: Chris Zeien)

Nom Ugrëff war et schwiereg eng Decisioun ze treffen, erzielt den Daniel Porcedda. Zu Kiew haten hien a seng Fra hir Wunneng, Stroum Waasser, Internet - et war quasi alles normal. Ëmmer erëm hate si vun ukrainesche Famillen héieren, déi mam Auto op der Flucht waren an do vu russeschen Truppen erschoss goufen. Den Daniel Porcedda a seng Fra hunn trotzdeem d’Decisioun getraff ze flüchten, an zwou Wochen nom Ufank vum Krich op Lëtzebuerg ze reesen. Den Daniel Porcedda ass zwar Lëtzebuerger, fir hie war de Retour no sou laanger Zäit awer schwiereg.

"Deemools wéi ech hei ukoum, huet et méi laang gedauert ewéi ech mer dat virgestallt hat. Zum Gléck - an dat war fir eis eng grouss Chance - hunn ech mäi Fils deen hei lieft. Hien a seng Partnerin hunn ons immens gehollef, ouni si wier et ganz schwiereg gewiescht. An trotzdeem huet et fir mech als Lëtzebuerger eng Zäit gebraucht, bis datt ech mech hei agelieft hunn."

Hie selwer ass mat 67 Joer pensionéiert, mee well déi ukrainesch an däitsch Pensioun déi e kritt, net duer geet, huet hien nach aner Berodungsaktivitéiten. Seng Fra, déi Ukrainerin a Lëtzebuergerin ass, huet zu Lëtzebuerg séier Fouss gefaasst. Wärend hire Studien hat si Däitsch an Englesch geléiert, an huet als Dolmetscherin an der Ukrain geschafft. Mëttlerweil schwätzt si och Lëtzebuergesch a si schafft hei.

Den Daniel Porcedda denkt all Dag un d'Ukrain

De Schwéierpapp ass mat sengen deemools 70 Joer an der Ukrain bliwwen, hie lieft awer an enger Géigend, déi bis elo nach relativ verschount bliwwen ass. D’Koppel ass dacks a Kontakt mat him a mat hire Frënn, déi nach am Land bliwwe sinn, iwwert Chat oder Email kréie si Informatiounen. Et ginn och ganz schlecht Noriichten, preziséiert den Daniel Porcedda. Ee Bekannten Touristeguide wier zum Beispill an d'Arméi agezu ginn a wier am Asaz sou schwéier verletzt ginn, datt hien elo säi ganzt Liewen ee Fleegefall wäert sinn.

Den Daniel Porcedda betount, datt hien all Dag un d’Ukrain denkt a sech vill iwwert d’Medien informéiert a sech Suerge mécht. 

"Wat et méi laang dauert, wat elo am Moment d'Suergen nach vill méi grouss ginn a virun allem et denkt een un déi Leit, déi ee kennt do uewen an da seet ee sech, wéi liewen déi elo do, wéini kann ech d'Leit erëmgesinn?"

D'Ukrainer:inne sinn op d'Hëllef vun den USA ugewisen

An de leschten Deeg a Wochen huet jo den us-amerikanesche President Donald Trump engersäits den ukrainesche President als Diktator bezeechent, op där anerer Säit huet hie gesot, datt hie Wëlles huet mat Russland iwwert een Enn vum Krich ze verhandelen. D’Ukrainer géife schlecht drop reagéieren, seet den Daniel Porcedda, engersäits wéisste si net, ob si den Donald Trump solle seriö huelen, an op där anerer Säit froe vill Leit sech, wat den Donald Trump an de Wladimir Putin an Zukunft wäerten decidéieren.

"De Problem ass - dat ass och wat den ukrainesche President seet - wann d'USA net mathëllefen, da kréie mir eis Territoiren net geséchert. An dat ass déi grouss Angscht, wou d'Leit hunn. Awer no deenen Ëmfroen, déi jo reegelméisseg stattfannen, sinn ëmmer nach déi meescht Leit déi soen, eis ass et ganz egal, wat kënnt, mir kämpfe bis zum Doud‘."

Zu Lëtzebuerg huet d’Koppel net vill Kontakter zu der ukrainescher Communautéit hei am Land, mee si hu matkritt, datt et vill Scheedunge ginn, well d’Frae mat de Kanner geflücht sinn an d’Männer dohanne bliwwe sinn, bedauert den Daniel Porcedda. D’Famille wieren auserneegerappt ginn, an och wann de Krich eng Kéier eriwwer wier, kéint ee villes net méi gutt maachen.

Fir den Ament geet fir den Daniel Porcedda net rieds vun engem Zeréck an d’Ukrain. Seng Fra op allefalls wéilt nach hei bleiwen. Si hat sech fréi an hirem Liewe gewënscht an d’Ausland ze migréieren. Hie wënscht sech allefalls, datt hien ee Lien mat senger zweeter Heemecht ka behalen.