Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bullion - Rare Feat. Carly Rae Jepsen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Emmanuel Macron versicht d’Kritik um Mini-Sommet ze entschäerfen

Zesummenhalt an Europa

Den Emmanuel Macron versicht d’Kritik um Mini-Sommet ze entschäerfen

Zwee Deeg no dem Mini-Sommet iwwert den Ukrainkrich zu Paräis, koum de franséische President Emmanuel Macron haut um Mëttwoch mat weideren europäeschen an NATO-Partner zesummen, fir eng gemeinsam Strategie ze fannen. Am Virfeld gouf et Kritik, well de Macron um Méindeg just ausgewielte Länner agelueden hat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Emmanuel Macron | © Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri play_arrow
Emmanuel Macron (Foto: Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

Zwee Deeg no dem Mini-Sommet iwwert den Ukrainkrich zu Paräis, koum de franséische President Emmanuel Macron haut um Mëttwoch mat weideren europäeschen an NATO-Partner zesummen, fir eng gemeinsam Strategie ze fannen. Am Virfeld gouf et Kritik, well de Macron um Méindeg just ausgewielte Länner agelueden hat.

Exklusiv Reunioun mat de groussen Natiounen

Frankräich, Däitschland, Italien, Spuenien, Groussbritannien, Polen an nach e puer aner europäesch Partner. Dobäi nach den NATO-Generalsekretär an d’EU-Kommissiounscheffin. Et waren déi ganz Grouss, déi leschte Méindeg am Elysée zesummekoumen.

Kritik vun iwwergaangene Länner

Dës relativ exklusiv Reunioun ass dofir op Kritik gestouss. Ungarn huet vun engem Pro-Krich an Anti-Trump Sommet geschwat, Tschechien a Rumänien hu sech iwwergaange gefillt an och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden hat et regrettéiert, datt een net am méi grousse Krees zesummekoum.

Dat wollt de Macron haut nees gutt maachen an huet eng Rei Partner dorënner och Lëtzebuerg, Rumänien, Schweden, Norwegen, d’baltesch Staaten, d’Belsch a Kanada agelueden un enger informeller Reunioun deelzehuelen, fir och hier Positiounen ze héieren an eng gemeinsam europäesch Äntwert op d’amerikanesch Friddenspläng ze fannen.

Macron: Keng Léisung ouni Europa

D’Majoritéit vun de Regierungscheffe koumen awer net perséinlech mee goufe per Video bäigeschalt. Bis Enn der Woch wäert de Macron mat alle 27 EU-Memberstaate geschwat hunn. Et bleiwen nach Éisträich, Malta an déi zwee russlandfrëndlech Länner Ungarn an d’Slowakei.

No der Reunioun um Méindeg hat de Macron an engem Interview mat Regionalzeitunge gesot, et dierft keng Léisung ouni den Accord vun der Ukrain ginn an och d’Europäer misste mat agebonne ginn. De President sot och säin amerikaneschen Homolog wier schwéier anzeschätzen, wat et och fir de russesche President Putin méi schwéier géing maachen an Drock opbaut.

Lauschterenplay_arrow