D'Annonce, fir dee Plang, war scho méi laang fir haut Donneschdeg virgesinn. Elo awer, nëmmen e puer Stonnen nodeems den amerikanesche President Donald Trump deklaréiert huet, d'USA géingen hir Militärhëllef fir d'Ukrain stoppen, steet Europa méi ewéi jee ënner Drock.
D'Fro wier net méi op d’Sécherheet vun Europa real a Gefor ass oder op Europa méi Responsabilitéit dofir iwwerhuele muss, sou d'Ursula von der Leyen zu Bréissel. Elo géing et drëm, ob Europa prett ass, esou decisiv ze reagéieren, wéi d'Situatioun et verlaangt.
Een neien EU-Fonds, méi labber Scholdereegelen a Kohäsiouns-Sue fir d’Defense
An engem Bréif un d'EU-Staats- a Regierungscheffe proposéiert d'Kommissiounscheffin, ee Plang fir Europa opzerëschten. Dee gesäit ënner anerem vir, d'Scholdereegelen vun der EU ze labberen, fir datt d'Länner hir Defense-Budgeten an d'Luucht setze kënnen.
Et soll een EU-Fonds vun 150 Milliarden Euro geschafe ginn, aus deem sech d'Länner Sue léine kënnen, zum Beispill fir zesumme Waffen anzekafen. D'Kommissiounscheffin huet bei hirer Annonce net präziséiert, wou d'Sue fir dee Fonds hirkomme sollen. Enner anerem dat kéint fir Diskussiounen ënner de Staats- a Regierungscheffe suergen.
D'EU-Memberstaate sollen doriwwer eraus d'Méiglechkeet kréien, en Deel vun de Suen, déi hinnen aus de Kohäsiouns-Fondsen zoustinn, fir d'Defense auszeginn.
De Plang kéint 800 Milliarden Euro mobiliséieren, sou d'Hoffnung
D'Ursula von der Leyen hofft, datt duerch hire Plang am Ganze ronn 800 Milliarden Euro mobiliséiert kéinte ginn. D'CDU-Politikerin proposéiert dofir eng Partie Mesuren.
Duerch all déi Mesurë kéinten d'Länner och hire Support fir d'Ukrain massiv erhéijen, sou d'Kommissiounscheffin zu Bréissel.
"Mir sinn an enger Zäit vun der Oprëschtung. An Europa ass prett, seng Defense-Ausgabe massiv ze erhéijen, fir souwuel der Urgence ze agéieren ewéi och dem Support fir d’Ukrain gerecht ze ginn."
En Donneschdeg sollen déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen op engem Spezialsommet iwwer déi dote Proposen a méi allgemeng doriwwer, wéi d'EU ka besser fir hir eege Sécherheet opkommen, diskutéieren.