Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Sylvie Kreusch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Viru senger Visitt am Wäissen Haus: Selenskyj schwätzt vun engem "Kaderaccord"

Accord tëschent den USA an der Ukrain

Viru senger Visitt am Wäissen Haus: Selenskyj schwätzt vun engem "Kaderaccord"

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass haut um Freideg am Wäissen Haus op Besuch beim Donald Trump. Hie soll do een Accord ënnerschreiwen iwwer déi sougenannten "Terres rares" an d'Matière-premièren, déi an der Ukrain lageren.

auto_stories

1 min

Selenskyj Trump | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Selenskyj Trump (Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

D'USA wëllen een Zougrëff op dës Ressourcen. Dat als Kompensatioun fir d'Militärbudgeten, déi si der Ukrain déi lescht 3 Joer accordéiert hunn. De Selenskyj huet am Virfeld ënnerstrach, dëst wier just e Kaderaccord. Detailer bleiwen nach ze klären. D'lescht Woch eréischt hat den Donald Trump de Selenskyj een Diktator genannt, well hien eng éischt Versioun vum Accord refuséiert hat.

Donald Trump: De Putin wäert säi Wuert halen

Gëschter um Donneschdeg bei enger Pressekonferenz no der Reunioun mam brittesche Premier Keir Starmer wollt den Donald Trump näischt méi vun där Ausso wëssen. An deem Kontext sot den Donald Trump sech iwwerzeegt, datt de russesche President Wladimir Putin säi Wuert wäert halen am Fall vun engem Friddensaccord mat der Ukrain. Den US-President huet erkläert, hie géif de Wladimir Putin jo elo och scho laang kennen. Hie mengt och net, datt de Putin d'Ukrain nach emol géif ugräifen.