D’UNO-Vollversammlung kënnt ee Méindeg zesumme fir den drëtte Joeresdag vun der russescher Aggressioun géint d’Ukrain ze markéieren. D’Europäer an d’Ukrain hunn am Virfeld eng aner Resolutioun agereecht.
Russland begréisst déi amerikanesch Approche
Elo kuerz virum Joresdag vum russeschen Ugrëff op d‘Ukrain hunn d‘USA een Text fir eng Resolutioun an der UN-Vollversammlung presentéiert. Diplomaten no gëtt do Moskau net méi explizit als Aggresseur bezeechent, an et gëtt och keen direkte Réckzuch vun de russeschen Truppen aus der Ukrain gefuerdert. Weider geet och net rieds vum Respekt vun der territorialer Integritéit vun der Ukrain.
Amplaz plädéiert d’Resolutioun fir e séiert Enn vum Konflikt a bedauert de Verloscht vu Mënscheliewe.
De russeschen UN-Representant huet dës Initiativ vun den USA als e "gudde Schrëtt“ begréisst.
Aus Diplomatekreesser heescht et, datt déi US-Propos eng Zort Rapprochement vum Donald Trump vis-à-vis vu Moskau undeit.
Trump: Russland hat kee Grond d'Ukrain unzegräifen
Déi rhetoresch Attacke vum US-President géint den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, deen den Donald Trump dës Woch als Diktator bezeechent huet, si weider Zeechen dovunner.
Allerdéngs huet den Donald Trump gëschter um Freideg an engem Interview um Televisiounssender Fox-News Russland faktesch als Aggresseur duergestallt. Hie sot, datt d’Ukrain vun engem ugegraff gouf, dee vill méi grouss a staark wier, wat eppes Schlëmmes wier, wat een net soll maachen.
Russland hätt eigentlech guer kee Grond gehat fir d’Ukrain unzegräifen. Allerdéngs sot den US-President an deem Interview och, datt de Wolodymyr Selenskyj ee schlechte Verhandlungspartner wier. Och d’Europäer a säi Virgänger den Joe Biden hätten näischt gemaach, fir de Krich op een Enn ze bréngen.
EU an USA mussen zesummenhalen
Bis elo waren d’USA dee gréisste Fournisseur vu Waffen an dee wichtegsten Ënnerstëtzer vun der Ukrain, zesumme mat den Europäer. An der UN-Vollversammlung goufe bis elo eng sëlleg Resolutioune mat breeder Majoritéit guttgeheescht, déi d’Ukrain kloer ënnerstëtzt hunn. A wéi eng Richtung d’USA elo wëlle steieren, ass net ganz kloer.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet gëschter Owend an engem Videomessage kloergestallt, datt Europa méi misst a kéint maachen. Et hätt ee kloer Virschléi mat den europäesche Partner iwwer ee Friddensplang ausgeschafft, an et wier wichteg, dat zesumme mat den USA ze maachen.
Eng Roll spillen aktuell Verhandlungen tëscht der Ukrain an den USA iwwer Rostoffer, rar Biedem a Mineralien, déi d’Administratioun Trump als Géigeleeschtung gären hätt. Déi Negociatioune lafen net esou, wéi den Donald Trump sech dat virgestallt hat, mee se géife virugefouert ginn, preziséiert de Wolodymyr Selenskyj.