Am Virfeld sot de Lawrow, et wier Zäit, datt déi anormal Relatiounen tëscht den USA a Russland géifen ophalen.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sot awer schonn, datt hien näischt vun deem, wat tëscht den USA a Russland iwwer d‘Ukrain géif ausgehandelt ginn, géif acceptéieren.
Och hien ass op Auslandsrees. Hie soll muer an der Tierkei sinn. Hie soll zu Ankara vum tierkesche President Erdogan empfaange ginn. De Wolodymyr Selenskyj war, zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain, schonn zwee Mol an der Tierkei. Fir d‘lescht am Mäerz d‘lescht Joer. D‘Tierkei probéiert zënterhier tëscht Moskau a Kiew ze vermëttelen.