Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groussbritannien annoncéiert nei Sanktioune géint Russland

Krich an der Ukrain

Groussbritannien annoncéiert nei Sanktioune géint Russland

Groussbritannie wäert muer, um drëtte Joresdag vum russeschen Iwwerfall op d'Ukrain, nei Sanktioune géint Moskau ukënnegen.

auto_stories

1 min

London | © picture alliance/dpa | Jan Woitas
London (Foto: picture alliance/dpa | Jan Woitas)

De britteschen Ausseminister David Lammy huet annoncéiert, de gréisste Mesurepak géint Russland zënter den éischte Krichsdeeg ze verëffentlechen. Dat fir déi russesch Krichsmaschinerie ze schwächen an d’Akommesquellen ze reduzéieren, mat deenen d’Zerstéierung vun der Ukrain finanzéiert gëtt, sou de britteschen Ausseminister.

Och d’Ausseminister vun den EU-Memberstaaten treffen sech muer um Méindeg zu Bréissel, fir weider Sanktiounen ze decidéieren. Hei ginn ënner anerem nei Handelsbeschränkungen, a Mesure géint russesch Medien a géint déi sougenannt russesch Schattenflott erwaart.