Aus der Äntwert geet och ervir, datt Lëtzebuerg seng Bäiträg un d’UNRWA iwwer d’Joren däitlech erhéicht huet: Vu knapp 3 Milliounen Euro am Joer 2007 op 13,5 Milliounen Euro dëst Joer.
Nach d’lescht Joer gouf et deels hefteg Kritik um Palästinenserhëllefswierk. Dat wéinst Verbindungen zu der Hamas. Enn Januar 2024 hat Israel dem UN-Hëllefswierk Informatioune virgeluecht, no deenen 12 UNRWA-Mataarbechter an d’Attacke vum Oktober 2023 verwéckelt gewiescht wieren.
Den Ausseminister Xavier Bettel betount a senger schrëftlecher Äntwert op d’Fro vum - antëscht - CSV-Fraktiounschef, datt een op Kontroll- a Sécherheetsmechanisme géif vertrauen, déi solle verhënneren, datt Lëtzebuerger Gelder kéinten un terroristesch Organisatioune wéi d’Hamas goen.
Eng Rei Kontrollmechanismen
D’UNRWA géif als UN-Organisatioun den internationale Reegelen a Saache Preventioun vun der Terrorismusfinanzéierung ënnerleien.
D’Hëllefswierk muss deemno all Joer ee Joresrapport mat Ausgaben a Gouvernance-Mesuren an der Generalversammlung vun de Vereenten Natioune presentéieren.
Weider géif et intern Audite ginn, déi reegelméisseg mat de Länner, déi Fongen zur Verfügung stellen, gedeelt géife ginn. Lëtzebuerg wier och am “Multilateral Organisatioun Performance Assessment Netwoerk" - kuerz MOPAN - vertrueden, deen onofhängeg Evaluatiounen iwwer d’Neutralitéit an déi korrekt Notzung vun de Fonge mécht.
Reegelméisseg diplomatesch Visitten um Terrain an den Interventiounsgebidder vun der UNRWA géifen d’Kontrollen ergänzen.
"Eng zouverlässeg Garantie"
Lëtzebuerg géif all dëse Kontrollprozedure vertrauen, betount nach den Ausseminister, dee wuertwiertlech schreift: “d’Regierung geet dovun aus, datt si eng zouverlässeg Garantie huet, datt keng Lëtzebuerger Gelder dem Hamas zoukommen”.
D’Regierung hätt och keng Indicen, datt an der Vergaangenheet, méi genee zënter 2007, zu iergendengem Zäitpunkt UNRWA-Moyenen direkt oder indirekt vun der Hamas oder aneren terroristeschen Organisatiounen exploitéiert oder mëssbraucht gi sinn, betount nach den DP-Minister Xavier Bettel.
Santé a Cybersecurity finanzéiert
Lëtzebuerg bedeelegt sech zënter 2007 um Finanzement vun der UNWRA. E groussen Deel ass an de leschte Joren an de Beräich vun der Santé gefloss, virop ass och d’humanitär Hëllef an d’Cybersecurity.
Zënter 2007 huet sech de Gesamtmontant u Lëtzebuerger Done méi wéi verzéngfacht.