Enn Oktober hat den DP-Ausseminister a senger aussepolitescher Deklaratioun nach ugekënnegt, der Chamber wëlle Virschléi fir méiglech national Sanktioune géint Israel ze proposéieren. Rieds war do beispillsweis vun engem eventuellen nationalen Importverbuet op Produiten aus vun Israel besate palestinensesche Gebitter.
Sanktiounen op israeelesch Produiten "wieren einfach ze ëmgoen"
All national Moossnam misst sech un de juristesche Kader vum EU-Bannemaart halen, schreift den Ausseministère an enger schrëftlecher Äntwert no der Chamberkommissioun. Lëtzebuerg kéint dofir den Ament keng eege legal Basis schafen. Et misst een och bedenken, datt esou eng Moossnam fir israeelesch Produzente relativ einfach ze ëmgoe wier.
Wat d’Arees-Verbuet vu sanktionéierte Persounen ugeet, hätt de Xavier Bettel an der aussepolitescher Chamberkommissioun op den Inneministère verwisen, esou den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet. Hien géif et och gutt fanne wann eng legal Basis geschaf géif ginn déi et Lëtzebuerg erméiglecht Persounen den Zoutrëtt op den Territoire ze verbidden.
"Ech denken, datt et sënnvoll wier, datt een dat hätt. Ech muss awer och soen, dat kann een dann net nëmmen op ee Land oder op eenzel Persoune beschränken, wann een dee Kader, also wann een déi Méiglechkeet eng Kéier huet, da muss een natierlech och iwwerleeën, wou kann dat iwwerall hëllefen."
"Regierung schéngt net gewëllt finanziell Sanktiounen anzeféieren"
Och wat finanziell Sanktiounen ugeet hätt de Xavier Bettel un en aner Regierungsmember verwisen, seet d’Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson. Et wier um Finanzministère fir hei e legale Kader ze schafen. D’Sam Tanson hat awer net den Androck, datt d’Regierung hei eppes wéilt maachen:
"Mir hate jo och en plus Diskussiounen am Kader vun den Israel-Bonds mat der CSSF, wou gesot ginn ass, wa Lëtzebuerg e Kader hätt fir Sanktiounen, dann hätt een do vläicht kéinten e Refus ausschwätzen. Dat sinn och Froen, déi ee sech och kann a ganz anere Situatioune virstellen. Duerfir, wann dat doten elo dat lescht Wuert ass vun der Regierung, ass dat natierlech schued, well mer hei gesinn hunn, mir hunn e Manko, et feelt eis e Kader an et ass een awer scheinbar net gewëllt, fir dorunner ze schaffen."
Virun allem well Lëtzebuerg eng wichteg Finanzplaz ass, wier et awer wichteg sech e legale Kader ze ginn, esou nach d’Sam Tanson.