arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Unerkennung: Friddensmarsch fir Palästina gëtt bäibehalen

Zesummeschloss vun ONGen

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

No Unerkennung: Friddensmarsch fir Palästina gëtt bäibehalen

E Sonndeg ass op der Place de l’Europe um Kierchbierg e Friddensmarsch fir Palästina. Dat obwuel och d’Lëtzebuerger Regierung zu New York annoncéiert huet, e Palästinensesche Staat unzeerkennen.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber
(Foto: picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber)

Et wier een immens frou iwwer déi historesch Decisioun, sot am spéiden Dënschdegmoien den David Pereira, Generaldirekter vun Amnesty International Lëtzebuerg. Allerdéngs wier dat, wat zielt, dat, wat um Terrain geschitt. Trotz där Unerkennung géif de Marsch bäibehale ginn, huet et vun der Lëtzebuerger Koalitioun fir Palästina geheescht.

Zum lëtzebuergeschen Unerkenne vun engem Palästinensesche Staat huet den David Pereira bemierkt, datt et een historesche Moment wier, an een net eleng wier. 

Et wier e Moment, an deem d’Geschicht, d’Mënschheet eis bräicht. Dofir sollt d’Lëtzebuerger Populatioun beim Marsch vun e Sonndeg dobäi sinn. D’Lëtzebuerger Koalitioun fir Palästina ass en Zesummeschloss vun Organisatiounen, ONGen, Gewerkschaften a Membere vun der Zivilgesellschaft.

 

play_arrow Lauschteren