arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg wëllt op der UNO-Konferenz Decisioun huelen

Zwee-Staate-Léisung

|
headphones

2 min

Lëtzebuerg wëllt op der UNO-Konferenz Decisioun huelen

Lëtzebuerg steet fir d’Ëmsetzung vun enger Zwee-Staate-Léisung, déi d’Sécherheet fir Israel garantéiert an de Palästinenser et erlaabt an hirem Land ze liewen, huet de Premier Luc Frieden um Freidegmëtteg virun der Press nach eemol präziséiert. 

headphones

2 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot )

Nach gëtt et an der Fro vun enger Zwee-Staate-Léisung Israel a Palästinensesche Staat keng definitiv Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung.

UNO-Konferenz nächst Woch

De Premier Luc Frieden geet nächst Woch zesumme mam Ausseminister Xavier Bettel op New York op d’UNO-Konferenz wou iwwert d’Ëmsetzung vun der Zwee-Staate-Léisung decidéiert soll ginn.

“An et ass à la lumière vun de Conclusioune vun deene Gespréicher, déi zu New York stattfannen, wou de Regierungsrot, dem Ausseminister a mir d'Mandat ginn huet, eng Evaluatioun ze maachen an dann eng politesch Decisioun zu New York ze huelen, eng Decisioun, déi soll, wéi gesot, zwou Staate brénge fir déi zwee Staaten a Fridden a Fräiheet kënnen niewenteneen existéieren ze loossen.”

De  Premier huet all d’Parteien aus der Regioun dozou opgeruff dem Fridde bäizedroen. Iran an Israel sollen och eng Deeskalatioun hikréien, soss riskéiert dee Konflikt méi breet Repercussiounen ze hunn.

A punkto NATO-Sommet de 25. Juni wéilt d’Regierung ee Kompromëss fir eng Erhéijung vun den Defense Ausgaben och mat ënnerstëtzen, mee wëll Konditioune stellen, de Premier Luc Frieden

“Wichteg schéngt eis och, datt wann dee Prozentsaz gehéicht gëtt, mir sécherstellen, datt dat net direkt geschitt, mee iwwert eng gewëssen Zäit. An datt mir och kucken, datt mir e gréissere Retour vun deenen Ausgaben, déi mir dann iwwert déi nächst Joren do musse maachen, och an d'Lëtzebuerger Ekonomie, an de Lëtzebuerger Ekosystem kënne fléissen.”

De Luc Frieden huet och annoncéiert datt hien an de nächste Wochen op Berlin reest wou hien de Kanzler Friedrich Merz wäert gesinn.

Elektresch Bornen a kënschtlech Intelligenz

De Regierungsrot huet haut gréng Luucht gi fir eng Verlängerung vun de Subventioune fir elektresch Bornen, woubäi déi méi intelligent Modeller méi finanziell ënnerstëtzt ginn. Déi ganz Demarchë sollen digitaliséiert ginn, huet de Premier Luc Frieden haut virun der Press annoncéiert.

Weider ginn et Pläng fir de Secteur vun der kënschtlecher Intelligenz zu Lëtzebuerg ze stäerken. Um Briefing virun der Press goung dann awer besonnesch Riets iwwert international Themen. De Luc Frieden huet ee Plädoyer gehalen iwwert de Schengener Raum.

An op Nofro hin, huet de Premier präziséiert, datt d’Gewerkschafte bis elo seng Invitatioun den 9. Juli en vue vun enger Relance vum Sozialdialog net beäntwert hunn.