arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Médecins sans frontières: Humanitär Hëllef net instrumentaliséieren

Oppene Bréif iwwerginn

|
headphones

1 min

Médecins sans frontières: Humanitär Hëllef net instrumentaliséieren

An engem oppene Bréif stellen d’Vertrieder:inne vu Médecins sans Frontières (MSF) hir Fuerderunge fir d’Situatioun am Noen Osten. De Bréif hunn si um Méindegmëtteg un den CSV-Chamberpresident Claude Wiseler iwwerreecht.

headphones

1 min

D'Vertrieder:inne vun MSF hunn hiren oppene Bréif iwwer de Krich am Noen Osten un de Claude Wiseler iwwerreecht. | © Pebia Urban
D'Vertrieder:inne vun MSF hunn hiren oppene Bréif iwwer de Krich am Noen Osten un de Claude Wiseler iwwerreecht. (Foto: Pebia Urban)

An alle 27 EU-Memberlänner sollen duerch des Initiativ politesch Acteuren op d’Situatioun a Palästina higewise ginn, erkläert den  Thomas Kauffmann, Generaldirekter vu Médecins Sans Frontières Lëtzebuerg. Et wier bei politeschen Acteure schonn zu enger "prise de Conscience" komm, elo misst de Courage kommen, fir d’Fuerderunge vun der ONG ëmzesetzen.

Humanitär Hëllef dierft am Gazakrich net instrumentaliséiert ginn, fuerdert MSF.

Et kéint een net d’Zivilbevëlkerung bombardéieren, betount den Thomas Kauffmann. Och ënner deenen, déi humanitär Hëllef leeschten, géif et eng héich Unzuel un Doudesaffer ginn.

Iwwerdeems fuerdert MSF och een nohaltege Waffestëllstand, fir datt nees humanitär Hëllef an d’Gazasträif eragelooss ka ginn.