Den Israel Philharmonic Orchestra an och d‘Nolauschterer an d'Nolauschterinne géife sech zu Komplize vun der Situatioun an der Gazasträif maachen, esou d‘Demonstranten, déi Flyeren ausgedeelt hunn.
Ee Solidaritéitsbréif gouf laut Organisateure vun 80 Leit ënnerschriwwen. D‘Police war mat e puer Patrullen op der Plaz, de Protest ass awer friddlech ofgelaf. Bei enger änlecher Aktioun zu Paräis war e Concert kuerzzäiteg ënnerbrach ginn.