arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Besteet e Risiko fir de Concert zu Lëtzebuerg?

Israel Philharmonic Orchestra

|
headphones

2 min

Besteet e Risiko fir de Concert zu Lëtzebuerg?

An der Philharmonie um Kierchbierg ass e Sonndeg den Owend ee Concert vum Israel Philharmonic Orchestra. Dirigent ass de Lahav Shani. Bei Concerte vun dësem Orchester mam selwechten Dirigent gëschter zu Paräis a virgëschter zu Köln goufen et Incidenten.

headphones

2 min

© Philharmonie
(Foto: Philharmonie)

An der Philharmonie de Paris hu Leit am Sall de Concert gestéiert an ënnerbrach. Et gouf och ee Protest virum Gebai. Och zu Köln haten Anti-Israel-Protester vun Aktivisten de Concert gestéiert. Wéinst dësen Incidenten, dierften et beim Concert vum Israel Philharmonic Orchestra dëse Sonndeg hei am Land verschäerfte Sécherheetsmesurë ginn. 

Beim Concert dëse Sonndeg am groussen Auditoire vun der Philharmonie um Kierchbierg wäerten eng 1.500 Leit mat dobäi sinn: dëse Concert ass bal ausverkaaft.

Protestaktioun

Fir annerhallef Stonne virum Concert ass eng Protestaktioun géint den Optrëtt vum israeeleschen Orchester an der Philharmonie ugekënnegt. Ëffentlech Gelder dierfte kee Vëlkermord ënnerstëtzen, heescht et am Opruff.

Der Stad Lëtzebuerg wier an dësem Kontext keng Manifestatioun ugekënnegt ginn, heescht et aus dem Gemengenhaus.

Police sur Place

Wéi och bei anere gréisseren Evenementer mécht d’Police eng Risikoaschätzung, huet de Kommunikatiounsservice vun der Police eis op Nofro hi matgedeelt. D’Police wäert dëse Sonndeg op der Plaz sinn, fir d’Situatioun am Aen ze hunn, a wann néideg kënnen ze reagéieren, heescht et.

Schonn Ufank September war hei am Land an engem oppene Bréif gefuerdert ginn, datt de Concert vun dësem Sonndeg soll ofgesot ginn.

Nodeem de Concert vum Israeelesche Philharmoneschen Orchester zu Paräis duerch pro-palestinensesch Militante mat ënnert aanerem Damp-Fackelen am Sall gestéiert an ënnerbrach gi war, goufe véier Persoune vun der Police matgeholl.

Nodeem de Concert ee Mëttwoch zu Köln gestéiert gi war, waren zwee Aktiviste vun der Police aus dem Sall bruecht ginn. Si haten Israel ee Vëlkermord an der Gazasträif virgehäit.

Europa-Tournée

Den Israel Philharmonic Orchestra ass de Moment op enger Europa-Tournée: nom Concert dëse Sonndeg hei am Land, ass fir een Dënschdeg ee weidere Concert an der Isarphilharmonie zu Münche geplangt.