Mat enger offizieller Condamnatioun vun der israeelescher Offensiv op d’Gazasträif, hätt d'CSSF nämlech d'Autorisatioun fir déi sougenannten “Israel-Bonds“ zeréckzehuelen, esou de Franz Fayot.
D’Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur hat virun e puer Woche gréng Luucht gi fir dës israeelesch Gelder iwwer Lëtzebuerg op den Europäesche Marché ze bréngen.
Irland hat virdru wéinst der Militäroffensive géint d’Gazasträif refuséiert déi Obligatiounen unzemellen. D’CSSF hat rezent an der zoustänneger Chamberkommissioun matgedeelt, datt se keng legal Basis hätt fir déi Obligatiounen ze refuséieren.