De Coordinateur Patrick Bosch sot op Nofro hin, et géif een dovun ausgoen, datt déi international Aktivistinnen an Aktivisten – dorënner also och d’Lëtzebuergerin – dës oder nächst Woch aus Israel ausgewise ginn.
De Lëtzebuerger Ausseministère, an Zesummenaarbecht mat de belschen Autoritéiten, géifen och alles ënnerhuele fir un Informatiounen ze kommen an dofir ze suergen, datt d’Aktivistinnen an Aktiviste fräikommen, esou nach de Patrick Bosch, deen dës Nuecht zesumme mat aneren Aktiviste virum Ausseministère an der Stad iwwernuecht huet.
Et géif ee sech awer wënschen, datt d’Regierung d’Aktioune vun Israel méi schaarf géif verurteelen – et géif sech hei ëm “Kidnapping duerch ee kriminelle Staat” handelen, esou nach de Lëtzebuerger Coordinateur vu March to Gaza.