An engem oppene Bréif vu gëschter Owend schreift de CPJPO: D'Union Européenne de Radio-Télévision, déi den ESC organiséiert, géif ufanks November iwwer d'Participatioun vun Israel ofstëmmen. Eng Partie europäesch Länner hätt schonn ugekënnegt, datt si kee Vertrieder op Wien schécken, dorënner Spuenien, Irland, Slowenien an Island.
D'Belsch an Italie géifen den Ament iwwer en eventuelle Boykott diskutéieren.
Eng kloer Positioun gëtt gefuerdert
Responsabel fir d'Decisioun vun enger Participatioun wieren net d'Regierungen, mee d'Televisiouns-Chaînen, déi den ESC diffuséieren a fir d'Kandidatur vun hirem Land responsabel wieren. Fir Lëtzebuerg wier dat RTL.
Déi lëtzebuergesch Responsabel missten eng kloer Positioun vis à vis Israel a senger riets-extreemer Regierung huelen a sech dem Boykott vum ESC uschléissen, esou de Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient.