Trotzdeem ass Israel och dëst Joer dobäi an trëtt haut um Donneschdegowend an der zweeter Halleffinall un, an där iwwregens och Lëtzebuerg mat der Laura Thorn vertrueden ass.
Pride-Fändele si verbueden
Mee net réischt zënter dësem Joer gëtt et Kritik: Wéinst der israeelescher Participatioun, mee och wéinst der ugespaanter Sécherheetslag ronderëm de Concours. Zejoert hu sech eng Partie Delegatioune bei der European Broadcasting Union beschwéiert. Dat wéinst ontransparenter Kommunikatioun a Manktem u Sécherheet.
Zu Malmö d’lescht Joer koum et zu villen pro-palästinenseschen Demonstratiounen. D’EBU huet doropshin eng Rei Ännerunge fir dëst Joer agefouert. Eng vun den Haaptneierungen ass een obligatoresche Verhalenskodex fir Kënschtler:innen, Delegatiounen an och Journalisten. Dee setzt op professionellt Verhalen, Fairness an d’Anhale vu lokale Gesetzer.
Zu Basel gouf dann och eng grouss Sécherheetsarchitektur op d’Bee gestallt: Ronn 1.300 Polizisten, ënnerstëtzt vun der Arméi a vu Cyberautoritéiten, sinn am Asaz. Nei sinn och Schutzmoossname géint Diskriminéierung an Iwwergrëffer, dorënner e “Mobile Awareness Team”. An: Op der Bün si just nach national Fändelen erlaabt. Symbolesch Fändele wéi de Pride-Fändel dierfen net méi gewise ginn.
Weisen, wéi d'Welt kéint sinn
Virun allem awer goufen d’Pressekonferenzen no den Halleffinallen ofgesot. Der EBU no fir d’Wuelbefanne vun de Kënschtler:innen ze stäerken, argumentéiert de Martin Green, ESC-Direkter bei der EBU.
“Nee, et ass éischter drëms gaangen, datt mir net ze vill vun den Artisten ofverlaangen. Si hunn eng laang Woch hanner sech. Vill vun hinne si jonk. Vill vun hinne stinn op der gréisster Bün vun hirem Liewen. An dat mécht hinnen natierlech vill Drock. Si dann ze froen, zwou Shows den Dag ze maachen an duerno nach um Mëtternuecht oder ëm eng Auer moies op eng Pressekonferenz ze kommen, ass einfach net fair.”
Kritesch Stëmme mengen awer, datt dës Decisioun och domat ze dinn hätt, datt et zejoert op enger Pressekonferenz zu engem Eclat koum, nodeems e Journalist eng kritesch Fro un déi israeelesch Kënschtlerin gestallt hat. Et géing awer net drëms goen, kritesch Meenungen ze ënnerdrécken, betount den EBU-Direkter:
“Ech mengen, mir hunn nach ëmmer genuch Geleeënheeten dofir. Mir si net immun géint dat, wat an der grousser Welt geschitt. Mir probéieren de Concours als eng Plaz ze gestalten, déi der Welt vläicht ka weisen, wéi se kéint sinn, an net wéi se de Moment ass.”
Wat déi israeelesch Participatioun ugeet seet d’EBU nach an engem offizielle Statement, et géif een d’Suerge ronderëm de Konflikt am Noen Oste verstoen, an awer wier et zesumme mat de Memberen elo der EBU hir Aufgab, sécherzestellen, datt de Concours – am Kär – een universellt Evenement bleift. Et wier net der EBU hir Aufgab, Konflikter mateneen ze vergläichen.