Si si vun der Philharmonie um Kierchbierg bis op d'Clairefontaines-Plaz marschéiert. E Kollektiv vu ronn 50 Organisatiounen, dorënner Médecins sans Frontières, Amnesty, de Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient a Gewerkschaften haten den Opruff gemaach, géint déi israeelesch Offensiv an der Gazasträif ze protestéieren.
Regierunge solle méi wäit goe wéi just Symbolpolitik
Et waren eeler a méi jonk Mënschen ënnerwee. Vill vun hinnen haten de palästinensesche Fändel am Grapp, oder och de palästinensesche Schal - de Keffieh - un. Si wollten hir Solidaritéit weise mam palästinensesche Vollek.
An de Rieden op der Manifestatioun huet d’Giovanna Lanni vun Amnesty d'Situatioun an der Gazasträif esou beschriwwen:
"Les équipes d'aides sont retardées, bloquées, attaquées. Les convois sont stoppés, les personnes sont abandonnées. Les démarches belliqueuses et génocidaires avancent au mépris total des droits humains. C'est une alerte mondiale. Si nous acceptons que ces droits, ces principes s'effondrent à Gaza, s'effondrent en Palestine, ils s'effondrent partout."
Den Abdelfattah Abusrour vum Flüchtlingscamp vu Betlehem wëllt keng Almosen.
"On n‘attend pas la charité. La Palestine n'est pas une cause humanitaire. Et il faudrait que ceux qui disent 'laissez les aides humanitaires en Palestine', demandez d'arrêter le genocide avant."
D'Organisateure wollten Drock op d'Lëtzebuerger Regierung maache fir méi wäit ze goe wéi nëmme Symboler an d'Unerkennung vum Staat Palästina.