arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel expulséiert 137 Aktivisten an d’Tierkei

Noen Osten

|
headphones

2 min

Israel expulséiert 137 Aktivisten an d’Tierkei

Israel confirméiert um Samschdegmëtteg d'Expulsioun vun 137 Aktivistinnen an Aktiviste vun der Internationaler Flott an d'Tierkei. D’Lëtzebuergerin Nora Fellens-Huberty ass net dorënner, confirméiert d’Organisatioun March to Gaza Luxembourg.

headphones

2 min

D'Lëtzebuerger Aktivistin Nora Fellens-Huberty war op engem Schëff vun der internationaler Hëllefsflott um Wee an d'Gazasträif
D'Lëtzebuerger Aktivistin Nora Fellens-Huberty war op engem Schëff vun der internationaler Hëllefsflott um Wee an d'Gazasträif

Déi israeelesch Marinn hat am Ganze 400 Membere vun der Flott festgeholl. Verschiddener dovu goufen elo an d’Tierkei geschéckt, dorënner Bierger:innen aus den USA, Italien, Groussbritannien, der Tierkei a villen arabesche Länner. Dem israeeleschen Ausseminister no, wier de Fliger schonn zu Istanbul gelant.

Déi israeelesch Marinn hat um Freideg am Ganzen 42 Booter a Schëffer vun der “Global Sumud Flotilla” gestoppt an d’Aktivistinnen an Aktiviste festgeholl. Dorënner och déi schweedesch Aktivistin Greta Thunberg an eng Lëtzebuerger Aktivistin d’Nora Fellens-Huberty.

Gespréich mam belschen Ambassadeur

De belschen Ambassadeur, den och fir Lëtzebuerg zoustänneg ass, konnt d’Aktivistin am Prisong besichen. Der Aktivistin géif et fir den Ament gutt goen, esou nach March to Gaza.

D’Organisatioun March to Gaza campt iwwerdeems weider virum Ausseministère an der Stad. D’Membere wéilten och do bleiwen, bis hir Aktivistin an engem Fliger zeréck op Lëtzebuerg géif sëtzen.

Virum Ausseministère | © Patrick Bosch
Virum Ausseministère (Foto: Patrick Bosch)

Et wier een a reegelméissegem Kontakt mam Ausseministère an d’Gespréicher wiere konstruktiv. D’Camp wier toleréiert obwuel et net ugefrot wier, esou nach de Patrick Bosch.

© Patrick Bosch
(Foto: Patrick Bosch)