Och aner Fluchkompanien hunn hir Volle verluecht. Notamment fléien d‘Air France a British Airways haut um Samschdeg och net op Dubai. Déi hollännesch Fluchgesellschaft KLM huet annoncéiert, verschidde Liaisounen an d‘Regioun elo emol ze suspendéieren.
Analys ofgeschloss - Grond fir Noutlandung vun der Luxair zu Nice gewosst
En Donneschdeg huet eng Luxair Maschinn zu Nice missen noutlanden. Schold war finalement e Feelermessage vun engem Sensor, wéi RTL mellt. Inspekteren a Mecanicien hätten dat elo op der Platz, no enger Analyse vun der Maschinn erausfonnt. Et gouf domat zu kengem Ament eng gréisser Gefor fir Passagéier an d‘Crew, esou d'Luxair bei RTL.